Egal ob den Tram oder de gratis ëffentlechen Transport, Mobilitéit ass e grousst Thema hei am Land. Dat war och schonns virun iwwer 115 Joer esou. Do gouf den Zichelche 'Charly ageweit', fir den Oste vum Land besser mat der Stad ze verbannen. De Cédric Kieffer huet sech op d'Spuere vun enger Lëtzebuerger Legend gemaach.

20/05/2019 De Charly op der Tëlee

Wien och wësse wëllt, firwat mam Charly op eemol  Schluss war, a firwat den Zuch iwwerhaapt Charly geheescht huet, dee kuckt de Reportage um 20te Mee um 19h00 op RTL Tëlee Lëtzebuerg.