Dobäi geet et net ëm d'Portiounen mä villméi ëm d'Manéier- dat Onbefaangent mat deem d'Kanner un d'Iessen eru ginn. Si stellen sech einfach net ze vill Froen mä lauschteren op hire Kierper.

20/05/2019 Wie wëllt ofhuelen, soll et maachen ewéi d'Kanner

Esou geet et op mannst emol aus enger Etüd ervir.

Duerch Achtsamkeet a laang Knaen kritt een en Op an Of vu sengem Gewiicht an emotionaalt Iessen an de Grëff. Kanner lauschtere nach op hire Bauch: Se iessen nëmmen wann se wierklech hongereg sinn an halen och op mat iessen wa se sat sinn. Wat bei Kanner esou einfach ass, ass et am Erwuessenenalter awer net méi. Wa mer méi al sinn, ignoréiere mer d'Signaler déi eise Kierper eis gëtt a setzen méi op e strenge Regime fir ofzehuelen.

Fir d'Etüd goufen 46 Leit an zwou Gruppen opgedeelt: Déi eng sollte lues iessen a besonnesch gutt knaen, déi aner sollten normal weider iessen ewéi soss och. Mam Resultat dass deen éischte Grupp bannen 8 Wochen Gewiicht verluer huet. An och véier Woche méi spéit war hire Body Mass Index méi niddereg ewéi virdrun.

Wien also ofhuelen an dat Gewiicht och hale wëllt, muss net onbedéngt Kalorien zielen. D'Verlaangen fir ze iessen geet erof wann ee bewosst knat, an et evitéiert een et och a Stress-Zäiten ze vill a sech eran ze schëppen. Dobäi genéisst ee méi an et kritt een erëm e Gefill dofir wéini ee richteg sat ass. Intuitioun an Achtsamkeet wieren deemno d'Schlësselen fir e gesonde Kierper.