Déi international Organisatioun Sea Shepherd déi sech fir de Schutz vum Mier a sengen Déieren asetzt, schléit Alarm. Zanter Ufank dës Joers goufe schonn iwwer 1200 doudeg Delfinen un der franséischer Atlantikküst fonnt. Déi bekannten Ëmweltschutzorganisatioun Sea Shepherd hat dofir während 2 Méint eng Campagne um Atlantik lancéiert. D'Annick Goerens war 5 Deeg mat den Aktivisten um Golf de Gascogne ënnerwee.

13/05/2019 BAND Sea Shepherd 06h50 -goerens-