Ënnert der Leedung vum Luxembourg Institute of Health, wëlle Chercheuren hei am Land eng klinesch Etüd lancéiere, fir Kriibstherapien, u Patienten déi eben Kriibs hunn, individuell unzepassen. Bei deem Projet géifen d'Chercheuren eng nei Methode applizéieren fir d'Tumeurprofiler vun de Leit mat Behandlungen ofzegläichen. Doduerch kann ebe genau definéiert ginn op wei eng Medikamenter Tumeurzellen reagéieren.  D'Etüd, déi 2 Joer laang dauert, soll deemno eng personaliséiert Kriibstherapie fir d'Patienten erméiglechen.      

17/05/2019 BAND Kriibsfuerschung - Frank Elsen (06h50)