Mikro-Biologen recommandéieren wéi dacks d'Housse vun der Couette oder d'Läindicher solle gewiesselt ginn. A wat geschitt wann een et net mécht...

21/05/2019 Eis Bettwäsch- net onbedéngt appetitlech

Méi ewéi een Drëttel vun eisem Liewen verbrénge mer am Bett. Heiansdo kënnt ee net dozou säi Bett frësch op ze zéien... dobäi kënnt et duerchaus op d'Zäit un bis sech déi schuckeleg Decken zu engem botanesche Gaart voller Bakterien an Pilzen entwéckelt. Dat seet een deen et muss wëssen, de bekannte Mikro-Biolog Philip Tierno vun der New Yorker Universitéit. Wa mer ze laang waarden bis mer eist Bett-Gedecks wiesselen, kann dat esouguer eiser Gesondheet schueden. All Joer schweesse mer ronn 98 Liter Flëssegkeet an eis Bett. A wann et dann och nach gutt waarm a fiicht ass ënnert der Couette, sinn d'Konditiounen ideal fir dass eng ganz Rei vu Saachen sech an eise Läindicher wuel fillen vun deene mer am Léifsten net hätten dass se do wieren.

Bei enger Etüd déi viru Kuerzem publizéiert gouf, hu se d'Pilz-Kontaminatioun an de Better ënnersicht. Fiederkëssen a synthetesch Pillemen, déi tëscht annerhallwem an 20 Joer al sinn, enthalen 4 bis 17 verschidden Aarten vu Pilzen. Elo kann et sinn dass Der net beandrockt sidd, well Der jo op Ärer eegener 'Mëscht' schlooft, mä net nëmmen eise Schweess, Spaut, Grimmelen Haut, an aner Kierperflëssegkeeten sinn an de Läindicher, och friem Mikro-Organismen ewéi Hoer vun Déieren, Dreck, Fisemen a Stëbsmilben, fir elo nëmmen déi ze nennen. No enger Woch gëtt déi ganz Mixtur zu engem Problem, seet den Expert. Bettwäsch déi net gewäsch ass bréngt net nëmmen eis Haut mat deene onappetitleche Saachen a Kontakt, mä mir kréien se och an de Mond an an d'Nues a si gezwongen ze anzeootmen. Esouguer wa keng Allergie bekannt ass, kënne verschidde Leit doropper eng allergesch Reaktioun maachen, ewéi Houschten a Néitschen. Eng bis zwou Wochen an deenen d'Bett net frësch opgezu gouf, gi schonn duer fir dass et am Hals kraazt.

Den Mikro-Biolog geet esouguer esou wäit dass ee seet, mer kéinten eis jo och net virstellen op der Strooss e Koup vun engem Hond unzepaken.... wa mer wéissten wat sech an eiser Decke verstoppt, géinge mer eis froen ob mer wierklech wéilten dra aschlofen.