Freet een haut déi Jonk, wat se gären géingen maachen am Liewen? Da wäert sécherlech méi wéi eng kéier dat Wuert "Influencer" falen. An eigentlech klengt et jo ganz einfach: Et post ee Fotoen vu sech a sengem Liewen op Instagram oder soss soziale Medien an hofft doduercher genuch Leit unzeschwätzen. Wat méi exklusiv, wat besser! Well heeschen: Als "Influencer" sidd Dir déi Persoun, déi Trends setzt an meeschtens hutt Dir alles dat, wat déi aner net hunn. Dat ass awer net ëmmer ganz bëlleg - an dofir brauch ee Suen. Ma d'Währung am "Instagram & Co - Universum" ass d'Zuel u Follower, a.k.a. Fans, déi Dir hutt. Wat méi Leit Är Fotoen kucken, wat méi Entreprisen wëlle mat Iech Publizitéit maachen.

20/05/2019 Fake Profiler op Instagram!? Méi wéi d'Halschent