Europa ass de Kontinent mat deenen verschiddensten Kulturen a Landschaften. Wéi wëll een do erausfannen, wéi eng Plazen een onbedéngt muss kucken goen? Ma ganz einfach: Et bënnt ee sech de Rucksak op de Réck an geet op Entdeckungsrees. Sou op jidder Fall maachen et d'Experten bei "Lonely Planet". Si ginn iwwer Bierg an Dall fir eraus ze fannen, wéi eng 10 Destinatiounen, den Ament déi interessantste Plazen um Kontinent sinn.

22/05/2019 Europa: Summerdestinatiounen 2019

An dat geet vun alen Favoriten bis zu onbekannten Bijouen. Dat eenzegt, wat Iech als Tourist, Aventurier, Wanderer oder Vacancier, dann nach iwwreg bleift, ass Iech fir eng oder e puer Destinatiounen ze decidéieren.

Op Nummer 1 vun de Summerdestinatiounen an Europa 2019 ass déi "Héisch Tatra" - eng Biergregioun an der Slowakei, wou een mat e bëssen Chance nach engem Bier ka begéinen. Déi brong Bieren ginn et bal néirens méi um europäeschen Kontinent. Ëmmer méi Aventurieren zitt et hei hinner. Net nëmmen wéinst de Bieren, ma och wéinst der wëller an onberéierter Natur.

D'Sëlwermedaile geet un eng al bekannten Stad - Madrid. Déi spuenesch Haaptstad konnt sech séier vun der nationaler Wirtschaftskrise erhuelen an danzt elo nees bis an d'Moiesstonnen eran. Madrid ass virun allem duerch säi Nuetsliewen bekannt. Tapas-Restauranten reien sech un kleng Cocktail-Baren an "Calle de Ponzano", d'Haaptstrooss vum madrileneschen Nuetsliewen, huet entre temps schonn een eegenen Hashtag op de sozialen Medien. En plus feiert de "Museo del Pardo" dëst Joer säin 200er Gebuertsdag. An dat, wéi kann et aneschters sinn, mat groussem Tam-Tam. Sou wéi et sech am Land vum Flamenco gehéiert.

Op d'Plaz 3 zitt et dann éischter déi Leit, déi et gären e bëssen méi roueg a virun allem e bëssen méi frësch hätten. Obwuel Island schonn zanter 10 Joer op der To-Do-Lëscht vun all de presuméiertem Globetrotter steet, huet déi kleng Insel ganz uewen am Norden nach net all hir Kaarten gespillt. Meeschtens plangen déi Milliounen Visiteuren hiren Roadtrip ëm d'Haaptstad vu Reykjavik an den berühmten "Golden Circle". Ma déi mannsten packen et awer bis an den ofgeleeënen Norden vun Island. Dat soll sech awer elo änneren. Viru Kuerzem ass den 800 km laangen "Arctic Coast Way" opgaang an dee féiert elo duerch 21 Dierfen a 4 Inselen laanscht Nordküst vum Land. An do fënnt een alles, wat ee sech als Naturfrënd nëmmen wënschen kann - gigantesch Gletscher, riseg Waasserfäll an onendlech Méiglechkeeten fir Wantersport ze maachen.

Op Plaz 4 dann ass d'Regioun Herzegowina, déi an Bosnien-Herzegowina leit.

Op Plaz 5 ass déi italienesch Stad Bari am Süden vun Italien. Bari ass de perfekten Ausgangspunkt fir déi ganz Regioun Poulien ze entdecken.

Op Plaz 6 sinn d'Shetlandinselen a Schottland. D'Inselen leien 170 km vun der Küst vu Schottland ewech a si bis elo nach vu gréisseren Touristenmassen verschount bliwwen.

D'Plaz 7 geet un d'Stad vum Bocuse d'Or. Lyon ass dëse Summer awer net nëmmen kulinareschen Mëttelpunkt, ma och um Sportlechen. D'Finale vun der Frae-Fussball WM gëtt do de 7. Juli gespillt.

Op Plaz 8 dann ee Land, dat nach méi kleng ass, wéi eist. Liechtenstein. Ee Weekend geet duer fir den 160 km2 Staat ze gesinn.

An et bleift méi kleng. Op der Plaz 9 ass déi kleng Stad Vevey an der Schweiz. Vevey leit direkt beim Genfer Séi mat Bléck op eng wonnerbar Kulisse aus Bierger. Tëschent Lausanne an Montreux ass dës Stad gäre vergiess ginn. Ma se huet awer sou vill ze bidden, wéi zum Beispill hir "Fête des Vignerons", déi de ganze Juli iwwer dauert.

Op Plaz 10 ass d'Hallefinsel Istrien am Norden vu Kroatien. Istrien war schonn an Zäite vun de Réimer eng immens beléiften Destinatioun an fänkt och elo nees un méi attraktiv fir Touristen ze ginn, virun allem well et besser Fluchverbindungen ginn.