Dat funktionéiert mat engem spezielle Pech, dee chinesesch Wëssenschaftler entwéckelt hunn. E kéint an Zukunft an der Chirurgie agesat ginn well e besonnesch resistent a flexibel ass.

23/05/2019 Wonnen bannent Sekonnen zoupechen

Pech an der Medezin- eng Iddi, déi net ganz nei ass. Wëssenschaftler hunn elo e Produit erfonnt mat deem esouguer Oderen nees uerdentlech kënnen zougemaach ginn, ouni dass de Patient ze vill Blutt verléiert. Et ka fir e Chirurg nämlech immens schwéier sinn eng Oder uerdentlech zou ze kréien. Fiedem a Klameren sinn dem Kierper friem a mussen an den Tissu agesat ginn. Dofir ass Pech an deem Domän villverspriechend. Leider ass et net ganz einfach Pech bei Operatiounen ze benotzen, virun allem do wou de Kierper sech staark beweegt, sech dehnt an zesummen zitt. De chirurgesche Pech muss jo net nëmmen Belaaschtungen aushalen, mä och op fiichtem Ënnergrond halen a séier haart ginn. Nach dobäi kënnt, dass d'Material net dierf gëfteg sinn.

Chinesesch Fuerscher hunn e Pech entwéckelt deen de Chirurgen an Zukunft méi Méiglechkeeten soll bidden. E baséiert op der sougenannter 'extrazellulärer Matrix'; engem Tissu, deen am Kierper tëscht den Zellen virkënnt. Dat ass eppes ewéi e Gel, deen mécht dass eis Haut an d'Oderen elastesch sinn. De Wëssenschaftler ass et gelongen, dee Gel mat Hëllef vu enger spezieller Hyaluronsaier a Gelatine no ze maachen. De Pech reagéiert op Luucht an ass bannent nëmmen 20 Sekonnen dréchen. A well d'Molekülle vum Pech sech mam Kierper verbannen, gëtt den Ensemble elastesch a kann strapazéiert ginn.

De Produit gouf ewell u Schwäin getest. Dobäi konnten se Schnëtter vu 4 bis 5 Millimeter an der Haaptoder am Hals an e Lach vun ongeféier 6 Millimeter an engem Schwéngshäerz zou maachen. De Pech huet och en héije Bluttdrock gepackt. Ier een e ka beim Mënsch asetzen, muss elo mol gekuckt ginn ob a wéi laang en iwwerhaapt hält. Ganz nei ass esou e 'Sekundenkleber' an der Medezin wéi gesot net. Schonn zanter enger Zäit gëtt bei Operatiounen Zweekomponente-Pech agesat, deem zum Deel aus dem Bluttplasma vum Mënsch ass. An och vun der Natur hunn d'Fuerscher sech schonn esou Munches ofgekuckt: an enger Etüd geet riets vun engem Pech fir Wonnen zou ze maachen, bei deem sech um Schläim vun enger bestëmmten Zort Schleeken inspiréiert gouf.