Gummibärchen, Chipsen, Schoki a Co... Hongerattacke kennt bal all schwanger Fra. Allerdéngs sollt ee bei Lakritz e bëssen oppassen. De reegelméissege Konsum kéint dem Bëbee nämlech schueden, Michèle?   

23/05/2019 Lakritz an der Schwangerschaft kann dem Bëbee schueden

E schmaacht jo natierlech lecker an de Jus an der Lakritz ass e richtegt Naturtalent ënnert den Hausmëttelchen. Deen as nämlech gutt géint Schläim wann een erkaalt ass, an en hëlleft wann een de Moo wéi huet. Dofir gëtt de Lakritz dacks och Mokuch genannt. Wann een also deen een oder anere Lakritz- Schléck naschelt, ass dat ganz ok, och während der Schwangerschaft. Et sollt ee just oppassen, dass een es net ze vill ësst, wann een an aneren Ëmstänn ass. Am Lakritz ass nämlech och e Stoff dee laangfristeg net esou gutt fir de Bëbee ass. A Finnland huet sech elo erausgestallt, dass Kanner vu Mammen déi an der Schwangerschaft méi wéi 100g Lakritz an der Woch giess hunn spéider Konzentratiouns- a Verhalensproblemer opgewisen hunn.
D'Erklärung ass e bësselche méi komplex:
Glycyrrhizin beanträchtegt d'Barrièrefunktioun vun der Plazenta déi schiedlech Stoffer wéi zum Beispill de Stresshormon Cortisol. Mat vill Lakritz kann déi Schutzfunktioun ausser Kraaft gesat ginn an de Bëbee ass da gréissere Portioune vum Stresshormon ausgesat. Dat soll dann déi kierperlech a kognitiv Entwécklung beaflossen.
Watfereng Schiet kënnen hei entstoen?  
D'Fuerschungsteam ronderëm de Katri Raikkönen op der Uni Helsinki huet gemierkt dass souwuel d'Gediëchtnessleeschtung wéi och d'Intelligenz vun de Kanner a Jugendlechen duerch de Lakritz deen d'Mamm an der Schwangerschaft giess huet bis zu 7 Punkte méi schlecht ofgeschnidden hunn. 
Weider Suite kéinte Konzentratiounsproblemer, Sproocheproblemer, méi en héijen Aggressiounspotenzial, schlecht Imaginatioun, fréi Pubertéit an dräimol méi héije Risk fir ADHS sinn. 
bei enger bis zwou Lakritzstaangen brauch een sech nach keng Gedanken ze maachen, geféierlech géing et eréischt bei 250-500g pro Woch. Ëmgerechent dierft een sech da mat rouegem Gewëssen eng hallef Tut an der Woch ouni bedenke Schmaache loossen.