Dat ass déi op déi et ukënnt. Vill Leit zécken fir de Patient am Noutfall mam Mond ze beootmen. Well se sech eekelen, awer och well se fäerten eppes falsch ze maachen.

27/05/2019 Éischt Hëllef ouni Mond-zu-Mond-Beootmung

Dir gitt Zeien vun engem Noutfall: eng Persoun huet en Häerzinfarkt a riskéiert ze stierwen. Wat maachen? A virun allem wéi? Déi Fro stellen sech nach vill anerer a ruffen da léiwer eng Ambulanz a kucken no, well se fäerten se kéinten eppes falsch maachen.

Wien sech ze vill Froe stellt well e net weess wéi laang eng Häerz-Massage soll gemaach ginn a wéi laang eng Mond-zu-Mond-Beootmung, dee soll sech fir dat éischt decidéieren. D'Beootmen op der Säit loossen an sech drëms këmmeren dass d'Häerz schléit. En Tipp dee Mënscheliewe ka retten- dat ass bei enger Etüd mat iwwer 30'000 Häerz-Patienten a Schweden erauskomm. Do gëllt zanter dem Joer 2'000 eng vereinfacht Method fir en anere Mënsch ze reaniméieren: nämlech nëmme mat der Häerzdrockmassage, ouni deen aneren ze beootmen. Doduerch ass d'Zuel vun de Betraffenen déi net reaniméiert goufen, vun 59 op 32 Prozent gefall, d'Reanimatiounen ouni Mond-zu-Mond-Beootmung si bannent 17 Joer vu 5,4 op 30 Prozent an d'Luucht gaangen.

Wann ee guer näischt ënnerhëlt, stierft de Noutfall-Patient no e puer Minutten, oder d'Gehir kritt eng of. Wann d'Häerz zum Beispill stoe bleift, feelt dem Kierper d'Bluttzirkulatioun méi ewéi de Sauerstoff. Well nëmme Blutt dat fléisst, garantéiert och dass de Sauerstoff, dee nach am Kierper ass, och dohinner kënnt wou e gebraucht gëtt- also an d'Gehir an déi aner liewenswichteg Organer. Wann de Bluttkreeslaf zum Beispill duerch d'Mond-zu-Mond Beootmung ënnerbrach gëtt, da stierwen direkt e puer Dausend Gehirzellen of. Et kënnt zu Schied am Kapp oder esouguer zum Gehir-Dout kënnt.

Dofir den Opruff u jiddereen dee sech net wierklech mat Éischt-Hëllef auskennt oder fäert eppes falsch ze maachen: den 112 ruffen, déi ganzen Zäit d'Häerzdrock-Massage duerchféieren (ouni dem Patient d'Kleeder aus ze doen), net beootmen, an dat esou laang maachen bis eng professionell Rettungsequipp do ass. Wien dobäi nach un d'Lidd Stayin' Alive vun de Bee Gees denkt, fënnt och nach dee richtege Rhythmus.