Haut um 25. Mee ass de Weltdag vun de vermësste Kanner. Dëse gouf 1983 vum President Ronald Reagan an d'Liewe geruff, fir un den Etan Patz z'erënneren, dee virun 30 Joer op sengem Schoulwee verschwonnen ass, an deem säi Schicksal Joerzéngte laang ongekläert bliwwen ass. 2002 ass dëse Gedenkdag och an Europa agefouert ginn.

25/05/2019 100 Sek: Dag vun de vermësste Kanner

Et ass DEN Albdram vun Elteren: Dat eegent Kand ass verschwonnen. Eppes wat all Joer e puer Dausend mol passéiert. Meeschtens tauchen d'Kanner gesond a monter nees op, ma leider geet net all Fall gutt op en Enn.
Amber Alert staamt och aus den USA a gouf virun 12 Joer nom Doud vun dem néng-järegen Amber Hagerman, wat entfouert an doutgemaach gouf, an d'Liewe geruff. Telé a Radiosender sollten hire Public op Vermësstemeldungen opmierksam maachen. No an no goufe weider technesch Hëllefsmëttel wéi Pager, SMS, Email, Reklammen an Autosradioen benotzt fir méiglechst vill Mënschen iwwert e vermësstent Kand wat a Gefor ass, z'informéieren.
Lescht Joer ass Amber Alert och hei zu Lëtzebuerg agefouert ginn, an ass no Slowenien an Holland dat drëtt Land an Europa wat op de System zeréckgräift. Fir dass Amber Alert a Kraaft trëtt muss d'Police sécher sinn dass e vermësstent Kand entfouert ginn ass an a Liewensgefor ass. Da gi bannent Minutten iwwer Tele, Radio, SMS, Email Websäiten, Apps grouss Deeler vun der Populatioun informéiert. Elo kënnt nach e weidere Kanal derbäi: Facebook. Mat 300.000 Notzer, déi dat soziaalt Netzwierk zu Lëtzebuerg huet, steet Amber Alert direkt an automatesch an hirer Timeline. Dofir muss näischt geliked, oder aktivéiert ginn, d'Noriicht kann awer mat Frënn gedeelt ginn. Nieft dem Bild vum vermësste Kand ginn hei wichteg Informatiounen ugewisen an ausserdeem ass et méiglech Detailer wéi Autosmark a Modell nozekucken.
Dës Initiative ass eng besonnesch wichteg Zesummenaarbecht fir d'Informatioun korrekt an direkt ze verbreeden, an der Hoffnung dass vermësste Kanner séier erëmfonnt ginn an nees an hir Famill zeréckbruecht ginn.