Di schwaarz Faarf gëtt als Clean an elegant ugesinn an et kann een se fir vill Occasiounen droen. Nieft all dem gesäit een, wann een schwaarz ugedoen ass och nach méi schlank aus. Ma aus gesondheetlecher an ökologescher Siicht wier et anscheinend eng zimlech schlecht Faarf, Loïc Juchem.

30/05/2019 Si schwaarz Kleeder wierklech méi gëfteg?

2 Schrëtt a schonn huet ee schwaarz Faarf hiergestallt. Fir d'alleréischt ginn d'Faarwen blo, orange a giel matenee vermëscht. Wat méi Faarf-Partikel beienee sinn, wat d'Faarf méi staark an donkel gëtt. Also automatesch och méi gëfteg. Fir dass d'Faarf dann awer och op natierlech Aart a Weis op engem hellgroen Kotteng's T-Shirt drop bleift, muss een se dann awer chemesch traitéieren a fixéieren.

Dës chemesch Uwendung huet an de leschten Joerzéngten dozou bäigedroen, dass schwaarz Kleeder net besonnesch ëmweltbewosst an och net als gesond ugesinn goufen. Ass dat dann elo wouer oder net?

D'Viola Wohlgemuth vu Greenpeace stëmmt deem elo ganz zou a seet, dass een net soen kann, dass eng Faarf méi schiedlech ass wei eng aner. Freier hätt ee vill méi Azo-Faarfstoffer benotzt. Esou nennt e Faarwen, déi op méi eng komplex Aart an Weis entstane sinn. Haut zu Daags wier dat awer schonn zu engem groussen Deel net méi esou an et ass och net dat d'Quantitéit vun de Chemikalien ausmécht op dat Kleedungsstéck elo gëfteg ass, mee et hänkt dovun of wéi eng Chemikalien et sinn.

D'Viola Wolgemuth ass iwwregens d'Dame hannert der Greenpeace Camapagne Detox my Fashion, déi et zanter 2011 gëtt. Hei geet et drëms Betriber ze sensibiliséieren, hier Kleederproduktioun unzepassen an op natierlech Aart an Weis hierzestellen. Bis 2020 sollen all déi Entreprisen, déi do matmaachen eng Produktioun hunn wou een komplett op geféierlech Chemikalien verzicht.

Di Chemikalien an de Kleeder schueden net nëmmen de Leit di an de Kleederfabriken schaffen, verschmotzen net nëmmen d'Waasser an deene Länner, ma och mir wann mer d'Kleeder undoen kënnen eis infizéieren; zum Beispill wann mer Ënnerwäsch undi kënnen di Chemikalien iwwert d'Schläimhaut an eise Kierper geroden an sech dann do festsetzen. Di eng oder aner Chemikalien kënnen och Kriibs ausléisen.

Fir dat ze evitéieren muss een eigentlech just op d'Etiquette kucken an wann do IVN Best, GOTS, an Made in Green drop steet, dann ass een op der gewonnener Säit.
Wichteg wier et och all Kéiers wann mer eis eppes Neies kafen, sech d'Fro ze stellen ob mer dat wierklech brauchen.