Wie wëll Star Wars mat engem Muséesbesuch an enger Strandvakanz verbannen, dee kënnt zu Dassow op seng Käschten.  Den Outpost One, e Star Wars Musée, mécht do seng Dieren op. De Jeff Dondelinger, selwer e klenge Star Wars-Fan, hëlt eis mat op dës Entdeckungsrees.

03/06/2019 Star Wars Musée a Mecklenburg Vorpommern

Wann een un d'Ostseeküst an Däitschland denkt, huet e Strandkierf am Kapp. U Liichtschwäerter denkt een net direkt. Star Wars-Fans wäerten awer an Zukunft méi oft op Mecklenburg Vorpommern pilgeren. Zu Dassow net wäit vu Lübeck mécht den 9. Juni en 1300 Quadratmeter grousse Star Wars-Musée seng Dieren op. Den 49 Joer alen Affekot a bekennende Star Wars-Fan Marc Langrock huet sech hei ganz senger Passioun hi ginn an op eegen Initiativ de Musée op d'Bee gestallt.

De Visiteur kann hei 29 professionell nogebaute Filmzeene bestaunen. Erstaunlech liewensecht wierken d'Figure vu Luke Skywalker iwwer Chewbacca bis hin zum Meeschter Yoda.  Fir den Outpost One Musée huet de Langrock Exponaten aus der ganzer Welt zesummegedroen. Vill Léift zum Detail ass an d'Aarbecht gefloss. Déi Meescht goufe vu Fans selwer gebaut. E Bantha, e risegt Wüstereitdéier, wat eppes vun engem Mammut mat Widderharen huet gouf vun enger Fangrupp aus der Belsch konstruéiert. Eng Replike vum R2-D2 huet de Sammler selwer hiergestallt.

D'Haus wier aus alle Néite geplatzt an et hätt missten eng Solutioun fonnt ginn seet dem Langrock seng Fra Kirstin. De Fan selwer gesäit Star Wars als Weltraum Oper an erkläert sech de Succès mat engem éiwege Mythos, deen an engem moderne Setting erzielt gëtt.

Fir op Ofspärungen ze verzichten an d'Atmosphär net ze stéiere gi just eng limitéiert Unzuel vu Visiteure gläichzäiteg an d'Expositioun gelooss. Fir laangt Waarden ze vermeiden, keeft een am beschten seng Ticketen online. An engem Shop kann een nom Besuch nach divers Merchandise Artikele kafen.