A wéi hutt der des Nuecht geschlof? A wéi laang hutt der geschlof? Well déi zwou Saache sinn immens wichteg fir eis Gesondheet. D'Julie Dupont kann dat méi genee erklären

05/06/2019 Soll een net méi wéi 8 Stonne schlofen?

Jiddereen ënnert Iech dee gäre laang schléift, muss lo ganz staark sinn. Enger rezenter Etude no, ass dat nämlech guer net gutt fir eis Gesondheet. Ganzer 1 Millioun Persounen hu bei der bis elo gréisster Schlofetude matgemaach. Während ganzer 6 Joer, hunn d'Schloffuerscher vun der University of California déi 1 Millioun Participanten wuertwiertlech am Schlof begleet.

Een éischt Resultat vun der Etude huet de Fuerscher gewisen: den ideale Schlofpensum pro Nuecht läit bei 7 Stonnen. Alles wat iwwer 8 Stonnen eraus geet, ass schlecht fir d'Gesondheet. De Risiko méi frei ze stierwen, klëmmt ganzer 30% doduerch wann ee méi wei 8 Stonnen vum Dag verschléift. Een anere Problem deen duerch ze vill Schlof kann optrieden, sinn Depressiounen.

Déi Leit déi no knapps 4 Stonnen aus dem Bett sprange mussen awer och oppassen. Well manner schlofen bedeit och méi Problemer. Respektiv een erhéichte Risiko fir Häerzkreeslafproblemer,  oder och Diabetes ze kréien.

7 Stonnen pro Nuecht sollen dem Kierper also duergoen, fir e puermol duerch déi verschidde Schlofphasen ze goen. Des Schlofphase sinn all wichteg, an droen dozou bei, dass eise Kierper an eise Geescht fit bleiwen.

Wann ee wëll gutt schlofen, da muss ee mat de Preparatiounen schonn eng gutt Zäitchen ier d'Luuchten aus sinn ufänken: Alkohol ass scho mol Gëft fir een erhuelsame Schlof. An och beim Iessen soll ee besser oppassen. Wat d'Iesse méi schwéier ass, wat d'Verdauung méi muss schaffen. Doduerch muss de Kierper dann am grousse ganzen nach méi schwéier schaffe wéi en et normalerweis mécht. D'Resultat dovun: dir stitt mueres op, an dir fillt Iech net wierklech sou ganz erholl.

Ee falsche Frënd fir ee gesonde Schlof sinn och ganz kloer eis technesch Apparater. De Smartphone, dee jo bal ëmmer zur Hand ass, soll ee minimum 40 Minutten virum Schlofen op d'Säit leeën. Déi blo Luucht vum Ecran verhënnert, dass eise Kierper d'Schlofhormon Melatonin produzéiert. Dëse Problem besteet bei allen digitalen Ecranen. Eng Telé an der Kummer ass doduerch och éischter kontraproduktiv fir ee gudde Schlof.

Wat besonnesch blöd ass, ass dass mer déi blo Luucht net als blo, mee éischter wäiss wouerhuelen. Wat scho mol hëlleft beim Handy: wann der een Nuechtmodus hutt, maacht en un. Déi Luucht ass éischter gielzeg. Déi giel Luucht stimuléiert eist Gehir net esou wéi déi blo, a gëtt eise Gehir eng Chance zur Rou ze kommen.