Iergendwéi kann alles wat vu Mënschenhand gemaach ass gehackt ginn. An Hacker sichen sech och ëmmer nei Weeër fir dat ze maachen. Elo sinn et dann éischt Attacken ob Navigatiounssystemer ginn

06/06/2019 GPS Hacks

Laurent Gillander
===============

Et ass awer net de Satellit selwer dee gehackt gëtt. Et sinn éischter Ziler déi hei Affer vun esou soe mer mol Attack ginn.
Stellt iech fir dir gitt en Zil an ärem Navi an. Soe mer dir wëllt op Schlass op Veianen navigéieren. Elo geet dann een hinn a placéiert e Sender an der Géigend vum Zil. Sou gëtt den Transfert vu Donnéeën gestéiert. Et kënne keng Informatiounen méi geschéckt ginn an esou kënnt et zu falschen Coordonnéeën an Zäit-Angaben.
Dat hate sech Hacker um Autosalon vu Genève zu notze gemaach. Sou hat si Navigatiounssystemer vu Audi, Peugeot, Renault , Rolls Royce, VW Daimler Benz a BMW op d'Kopp geheit. Si hate de Sender zu Genf mat den Informatiounen vum Buckingham Palace gefiddert. Dernieft hate se d'Joer op 2036 gestallt.
Dat selwecht fonctionnéiert iwwregens och mam Handy.
Et kéint een iech also amplaz ob Veianen bei d'Schlass ob Marseille an den Hafe schécken. Obwuel wann Distanz vun e puer direkt op e puer 100 Kilometer ännert dierft een hei nawell séier skeptesch ginn.

GPS ass e System deen eigentlech an den USA entwéckelt gouf. Entretemps steet d'Ofkierzung als Synonym fir Satelitte Navigatioun. Et ginn awer nach aner Systemer wéi de Galileo vun der EU. Glonass vun de Russen an Beidou vun de Chinesen.

Betraff ass dann och net de Privatmann. Esou Attacken sinn éischter fir Firmaen e Problem. E kënne Bonusprogrammer vu Supermarchéen ausgetrickst ginn. Bei all Besuch an engem Buttek ob enger Plaz vun der Welt kritt e Punkten hei kann een de System ëmgoen. Et gi Fäll wou Leit eosu bannent e puer Wochen an 71 Butteker ob der Welt waren an esou 40.000 Euro sous Forme vu Bonuspunkten kruten. Dat entsprécht 2,7 Mio Visitten an de Butteker.

Hei ass dann alt erëm de Moment komm fir skeptesch ze ginn.