Vläicht geet et Iech ähnlech wéi mir beim Dreemen: ech erënnere mech u bal näischt / ech dreemen ëmmer ganz verréckte Saachen. Heiansdo soen ech mer, dass et scho cool wär déi eemol als Dram ze gesinn. Dem Julie Dupont no ass dat méiglech.

07/06/2019 Loosst är Dreem verfilmen

An eisen Dreem ass einfach alles méiglech. Déieren déi schwätzen, duerch d'Loft fléien, grujeleg Schieter déi engem nolafen, oder och einfach esou eppes normales wéi eng Glace iessen. Verschidde Leit kennen sech nëmmen heiansdo oder och ni wierklech un hir Dreem erënneren, an anerer dreemen immens intensiv, a kënnen souguer hir Dreem steieren. Hat der dat da schonn, dass der erwächt sidd, an iech geduecht hutt: Wow, dat do war elo ee richteg flotten Dram, dee géif ech gär nach eemol gesinn.

Dann hunn ech eng gutt Noriicht. Genee do drun schafft een Team vun enger Internationaler Associatioun déi sech dem Studium vun Dreem widmet. An eben do bei der IASD schaffen se grad drun fir Dreem als Filmer ze reproduzéieren. Dat kléngt natierlech éischter no engem futuristeschen Science-Fiction Film.

Dat ganzt soll awer méiglech sinn duerch Elektromyografie. Dat ass eng medezinesch Technik, bei där Elektroden um Kierper befestegt ginn. Duerno gi   kleng elektresch Impulser duerch d'Elektroden an d'Muskele geschéckt. Déi elektresch Impulser hëllefe festzestellen wéi an op d'Nerven an d'Muskelen am Kierper reagéieren. Normalerweis hëlleft des Technik festzestellen op een eng Muskel- oder Nervekrankheet huet.

Am Fall vun eisen Dreem soll d'Elektromyografie awer hëllefen z'erkennen wat fir Muskelen an Nerven grad op eisen Dram reagéieren an wei intensiv se reagéieren. Duerno soll dann een Avatar d'Bewegungen aus eisem Dram nomaachen. Looss
Awer net nëmmen eis Bewegungen wëllen d'Fuerscher reproduzéieren. Och eis Dialoger sollen Deel sinn vun eisen Dram-Filmer. Dofir mussen d'Gehiraktivitéiten vun engem IRM gekuckt ginn während dem Schlof. Duerch d'Kombinéieren vun dësen Techniken soll et da méiglech sinn een Film mat Biller an Dialogen ze produzéieren.
Natierlech kennt elo awer ee grousse MEE: d'Techniken déi eis ganz perséinlech Dram-Filmer solle verwierklechen sinn nach net um Punkt fir am Alldag kënne benotzt ze ginn.

A wat soll dat Ganzt bréngen? Majo de Fuerscher no hunn esou Filmer een therapeuteschen Notzen. Doduerch, dass een d'Dreem nach eemol am Detail a bei vollem Bewosstsinn matkritt, kéint een dann seng Dreem, a säin Ënnerbewosstsinn besser verstoen.