Elo geet et hei bei eis em eng riseg Mauer, déi am Moment vun 21 afrikanesche Staaten opgeriicht gëtt. Et ass awer keng Mauer déi d'Natur zerstéiert, mee am Géigendeel, d'Ëmwelt schützt. D'Julie Dupont weess wat d'Ziel vun der Grénger Mauer ass. 

10/06/2019 Déi gréng Mauer

Risegrouss Mauere ginn et der schonn e puer hei op der Welt. Mee esou eng wéi an Afrika gebaut gëtt gouf et sou nach ni. Souwisou ass den Terme "bauen" hei net onbedéngt richteg. Well dës Mauer besteet net aus Zillen oder Drot, mee aus Beem, an nohalteger Landwirtschaft.

D'Zil vun dëser Mauer ass nämlech d'Ausbreedung vun der Sahara ze limitéieren. D'Ausbreedung vun de Wüsten ass ee weltwäite Problem. All Joer kënnt eng Fläch an der Gréisst vun Irland dobäi. De Problem deen d'Ausbreedung vun der Sahara mat sech bréngt, ass d'Vergréisserung vun dréchene Géigenden déi net méi kënne genotzt ginn. Weder fir ze wunnen nach fir ze planzen. An dat trëfft virun allem Regiounen, déi net kënne riskéieren nach méi Land ze verléieren.

D'Iddi vun der grénger Mauer ass net nei. Schonn 2007 hat d'Afrikanesch Unioun ugekënnegt sech d'Land wëllen zréck z'erueweren. Dofir sollten op enger Fläch déi 8'000 Kilometer laang an 15 Kilometer breet ass, Beem geplanzt ginn. Et war ee gutt gemengte Plang, deen ausser 3 Milliarden Dollar ze kaschten, näischt bruecht hätt. D'Ausbreedung vun der Wüst kënnt nämlech net doduerch, dass de Sand vum Wand verdeelt gëtt. Villméi sinn eng héich Bevëlkerung, eng ze vill intensiv Landwirtschaft, Verschwendung vu Waasser oder och nach Tourismus de Motor vun der Wüst.

 Ausserdeem wäre Géigenden wou schonn eng nohalteg Landwirtschaft erfollegräich bedriwwe gëtt zerstéiert ginn. Elo gesäit de Projet anescht aus: eng enk Zesummenaarbecht mat der lokaler Bevëlkerung an Initiativen déi bewisen hunn, dass se funktionéieren. 21 afrikanesch Staaten sinn lo aktiv dru bedeelegt. Déi gréng Mauer ass elo éischter een risegt Netzwierk ginn. Virun allem gouf erkannt, dass am Beschten einheimesch Straich a Beem musse geplanzt ginn. Wéi zum Beispill Akazien. Dës sinn nämlech un d'Temperature gewinnt a kommen och mat manner Waasser aus. En plus kënnen des Beem och nach vun de Bauere genotzt ginn. An d'Resultater gesäit ee sou lues: besser Klimaemissiounen, besser Recolten, a méi Déiere déi an deene neie Bëscher wunnen.