Wann et richteg waarm ass, hunn der vill vun eis manner Appetit. Firwat ass dat esou? A wéi gesond respektiv ongesond ass dat Verhalen?

18/06/2019 Manner Honger an de Summerméint

Eng Etüd seet, dass d'Thermo-Regulatioun vum Kierper bestëmmt, wéi hongereg dass mer sinn. Mir versuergen eis duerch Iessen mat där Energie déi mer brauchen fir eis Kierpertemperatur reguléieren ze kënnen. Dowéinst gi vill Leit dovunner aus, dass mer am Wanter méi iessen, well de Kierper méi Hëtzt muss produzéieren. An am Summer bräichte mer manner well et jo souwisou scho waarm ass. Dat ass awer nëmmen déi hallef Wourecht- well schliisslech liewe mer an enger Welt mat Klimaanlagen, Heizungen a Kleeder, déi der Saison ugepasst sinn. An et gi nach honnerten aner Grënn: zum Beispill dass een einfach méi Loscht op liicht, wässereg Liewesmëttelen huet wann et waarm ass. Oder et huet ee keng Zäit fir laang ze iessen an ësst einfach e puer Mol am Dag méi kuerz, oder et schafft een un der Bikini-Figur a wëllt einfach manner iessen.

© Pixabay

Et ginn awer och Ursaachen fir manner Appetit am Summer, déi eescht ze huelen sinn. Esou zum Beispill déi sougenannt Summerdepressioun, wou nieft manner Appetit nach aner Saachen dobäikommen ewéi Ängscht, dass ee net schlofe kann a méi déck gëtt. An da ginn et nach déi Kränkten déi duerch d'Hëtzt kënnen entstoen ewéi en Hëtzschlag oder e Sonnestéch.

Wie mengt eppes dovunner ze hunn, dee freet am beschte bei sengem Dokter no.