Agespaart bei Heizungsloft am Däischteren oder beliicht duerch verschidde Luuchten! Leider ass dat den Alldag fir vill vun eis. Dat soll een alles hannert sech loossen, op mannst fir e puer Stonnen a sech nees eraus an d'Natur woen, well dëst huet nëmme positiv Effekter. Eng weider Etüd beleet dat elo

19/06/2019 2 Stonnen an der Woch an der Natur si gutt fir d'Gesondheet

E klengen Trëppeltour am Park oder am Bësch oder och nach op der Plage! Wie méi wéi 120 Minutten an der Woch an der Natur verbréngt, géif senger Gesondheet eppes Guddes doen, seet eng aktuell Etüd. An et wier egal, ob een elo dëst um Stéck géif maachen oder e puer Mol an der Woch fir dass een op déi 2 Stonne a méi kënnt: Zäit an der Natur schéngt gesond ze maachen. Eleng schonns a méi gréngen Zonen an enger Stad ze liewen, géif sech positiv op eis auswierken.

En Team an England op der Universitéit Exeter huet gefuerscht an dës Etüd kann een an der Fachzäitschréft "Scientific Reports" noliesen. D'Resultat: Am Verglach zu Mënschen ouni Gréngs, waren d'Participanten, déi 2 oder méi Stonnen an engem Park oder Bësch waren, méi gesond an och méi frou. 120 Minutte si schonns gutt, mä 200 bis 300 Minutte pro Woch an der Natur wieren nach besser.
Ënnersicht goufen d'Date vun engen 20.000 Mënschen an England an der bis elo weltwäit gréisster Etüd iwwert de Kontakt vum Mënsch an der Natur, déi sech vun 2014-16 gezunn huet. An Interviewen hunn d'Participanten uginn wéi si sech gefillt hunn.
Ënnert anerem koum do eraus, dass wann et manner wéi 2 Stonne waren, sech kee signifikanten Ënnerscheed gewisen huet beim Gesondheetszoustand an dem  Wuelbefannen géigeniwwer Mënschen, déi guer keng Zäit an der Natur verbruecht hunn. Also op mannst 120 Minutten sollten et schonns sinn fir op e positiven Effekt ze kommen.
Déi meescht Participanten hunn och uginn, dass si sech guer net wäit deplacéiert hätte fir am Gréngen ofzeschalten an opzetanken, lokal Gréngzonen a Stied géifen et och maachen, wann et net direkt de Bësch kéint sinn.

An der Etüd haten d'Fuerscher d'Zäit am eegene Gard net mat aberechent. Wann deen awer schéi gréng ass an ee sech do wuel fillt, firwat net? An d'Fuerscher wëllen och wëssen doen, dass natierlech och aner Facteuren sech op e Wuelbefannen auswierken, zum Beispill ob e Single ass oder an enger Bezéiung lieft an wat fir e sozioekonomesche Status hien huet..

Mä sech am Gréngen opzehale, ass dach schonns mol en Ufank, vläicht fënnt ee genee do säi Drampartner