Ween haut e Smartphone keeft, passt och mol gären drop op, ob den neien Telefon och e bësse robust ass. Déi Apparater hu jo awer hire Präis.

19/06/2019 Vivo IQ00: Smartphone iwwerlieft 31 Kilometer

Fir d'Leit z'iwwerzeegen datt de Modell IQ00 vu Vivo, dat ass eng chinesesch Firma, zimlech vill aushält, gouf den ultimative Stresstest organiséiert. Mat engem Waasserstoffballon ass den Handy op eng Héicht vun 31.000 Meter, jo richteg héieren, 31 Kilometer bruecht ginn an dunn op d'Äerd fale gelooss ginn domat waren d'Chinese mat hirem Smartphone an der Stratosphär. Eleng schonn déi 31 Kilometer Héicht klénge spektakulär genuch, ma bei dësem Stresstest konnt och nach gekuckt ginn, wéi den Apparat sech bei groussen Temperaturschwankungen verhält, beim Start waren et nämlech Minus 56 Grad, ouni de variabelen Loftdrock ze vergiessen.

D'Kaz kann eigentlech direkt aus dem Sak; den IQ00 huet de Stresstest iwwerlieft. Fir dann och nach ze beweise wéi gutt a wéi schéin den agebauten Akku ass, huet Vivo och nach en Video um Smartphone lafe gelooss wärend deen déi 31 Kilometer erofgefall ass. Dat eenzegt u wat d'Chinesen net sou richteg geduecht haten; wou kënnt en Handy no 31 Kilometer fräiem Fall un? No enger längerer Sichaktioun mat direkt e puer Autoen a souguer Dronen ass den Testkandidat erëmfonnt ginn. Wéi gesot intakt, de Schutz vum Ecran hat eng erwëscht, mat d'Kamera war souguer nach am Gaangen opzehuelen.

Där Tester goufe schonn ëmmer gemaach, allerdéngs net aus 31 Kilometer Héicht. Wann ee sou wëllt, läit de Weltrekord bei 18.000 Meter. Dee Weltrekord hat de Modell Honor 8 opgestallt. 2011 gouf dës Rubrik fir déi éischte Kéier am Guinness Buch vun de Weltrekorder gelëscht, deemools hat den Telefon XP3300 Force 25 Meter fräie Fall ouni Bobboen iwwerlieft. Den Ament ass nach zimlech onkloer ob déi chinesesch Firma Vivo de Rekord brieche wollt oder ob et just ëm eng PR-Aktioun handelt. Firwat se dat iwwerhaapt teste wollten, ass genee sou ee Rätsel, den IQ00 ass nämlech e Smartphone fir Gamer an déi geheien den Apparat bestëmmt net aus där Héicht op de Buedem. Mä wat gemaach ass, ass gemaach.