Dee gouf virun e puer Deeg versteet. Dobäi sinn e ganze Koup méi Suen erakomm ewéi ugeholl.

24/06/2019 Dem Van Gogh säi Revolver

De Moler Vincent Van Gogh hat e kuerzt Liewen ouni gréissere Succès. Um Enn ass en och nach duerch eng Schossverletzung ëm d'Liewe komm. Et war e Revolver, mat deem de Moler sech d'Liewe soll geholl hunn. 1965 gouf dësen vun engem Bauer an engem Feld bei Paräis entdeckt. Op der selwechter Plaz, op där se och  de Van Gogh de 27ten Juli 1890 schwéierblesséiert opgeraf hunn. D'Waff gouf dem Besëtzer vun der 'Auberge Ravoux' iwwerginn, do war den Impressionist zwee Deeg nom Schoss gestuerwen.

2012 krut de Public de 7-Millimeter-Pistoul eng éischte Kéier ze gesinn, 2016 gouf se am Van-Gogh-Musée zu Amsterdam ausgestallt, och wa kee ka mat honnertprozenteger Sécherheet ka soen, ob dat och wierklech déi Waff ass mat deem de Moler sech ëmbruecht hat. US-Fuerscher si viru Joren mat enger anerer Thes komm, där no de Van Gogh sech net selwer erschoss hätt, mä en duerch Zoufall vun enger Kugel getraff gi wär, nodeems e puer jonk Kärelen mat engem Revolver hantéiert hätten.

An awer ass d'Waff zu Paräis ënnert den Hummer komm, fir 162.500 Euro. Geschat gouf dass 40 bis 60.000 Euro géifen erakommen. De neie Besëtzer ass ee Privatsammler, deen um Telefon mat gesteet hat.