Et gëtt vu Joer zu Joer méi waarm. Sou waarm wéi et zu Kuwait war, war et awer nach ni. Fir déi éischte Kéier si bal 54 Grad gemooss ginn. De Loïc Juchem mat den Detailer.

24/06/2019 Sou waarm war et nach ni!

Et ass allerdéngs scho bëssen hier, dass een dës schnuckeleg Temperaturen am Kuwait hat, dëst huet op alle Fall mol d'Weltorganisatioun rezent matgedeelt.

Den 21. Juli 2016 goufen déi 53,9 Grad op der Wiederstatioun Mitribah gemooss. Eréischt viru 76 Joer huet een generell ugefaangen d'Temperatur ze moossen, dëst ass also bis ewell dat héchst wat een erlieft huet.

 

D'selwecht war et zu Turbet am Pakistan de 26. Mee 2017. Och hei ass eng enorm héich Temperatur gemooss ginn, nämlech 53,7 Grad. D'WMO confirméiert dës Wäerter an erkläert och datt dës zimlech genau sinn an dass een et effektiv och als Hëtzerekord bezeechne kann.

Well nach laang net all Rekord oder all héich Temperaturen, déi ee schonn emol gemooss huet, ginn um Enn unerkannt. Et kéint een nämlech net ëmmer garantéieren dat dës Wäerter stëmmen. 1953 wieren am kaliforneschen Death Valley 56,77 Grad gemooss ginn, ma haut zum Beispill gëtt dës Temperatur esou net akzeptéiert.

 

Och soss goufen et op eiser Äerd virdru scho mol méi héich Temperaturen, de Problem war awer deen, datt et dacks d'Temperatur vum Buedem war, déi ee gemooss huet. A  fir e richtegen Rekord gëtt natierlech just d'Lofttemperatur geholl. D'Death Valley hat 1915 eng Buedemtemperatur vun 71,5 Grad, d'Loft war der awer ,,nëmmen'' 42,5 waarm.