E Musée iwwert dat männlcht Geschlechtsorgan gëtt et schonns méi laang an Island. Awer e Musée iwwert de weibleche Pendant gëtt et nach net - awer net méi laang wann et dem Florence Schechter nogeet. D'Marie Gales weess méi

24/06/2019 1.Vagina-Musée zu London

Ok, et gëtt eng Konschtgalerie iwwert de Vagin an Tasmanien an och alt e Virtuelle Musée doriwwer an Eisterräich, mä e ganze Musée....!?
Dëst huet d'Florence Schechter ëmmer geiergert, mä sech just iergeren bréngt bekanntlech net vill, a sou huet si d'Saach selwer an d'Hand geholl. Mee ir e Musée iwwert d'Vulva, sou kann ee och soen, kann opgoen, mussen nach 300.000 Pond gesammelt ginn. Dowéinst huet si elo eng  Crowdfunding-Campagne gestart.

Wéi gesot et feelen nach 350.000 Euro, 13.000 Euro hätt si bis elo zesummen. Ma et muss viru goen, well am November soll de Musée opgoen. D'Iddi dofir koum der Grënnerin vum Musée a wëssenschaftlech Youtuberin, wéi si bei enger Recherche fir e Videoclip constatéiert huet, dass et am Internet sou gutt wéi keng Informatiounen iwwert d'Vagina géif ginn. A wann et der gouf, da waren se dacks mat enger negativer Konnotatioun behaft. Fir endlech mol objektiv a sachlech iwwert dat weiblecht Geschlechtsorgan ze schwätzen, géif e Musée sécher säin Deel och dozou bäidroen, sou d'Florence Schechter.

Si géif hoffen, dass d'Visiteuren da léieren, dass eng Scheed, Vulva an déi weiblech Anatomie näischt wier, firwat ee sech misst schummen, ganz de Contraire wier de Fall. Haaptzil vum Musée wier dësen Deel vum Kierper ze destigmatiséieren.
Tabue solle gebrach ginn, déi mat der weiblecher Sexualitéit ze dinn hunn. Sou soll et dann hei Ausstellunge ginn, déi sech mat ville Sujeten ronderëm beschäftegen, vun der Anatomie bis zu der Gesellschaft, der Reegel bis hin zum Sex.

A verschiddenen Ëmfroen koum et eraus, dass vill Mënschen am Alter tëscht 16 a 25 Joer Problemer hätten d'Wieder Vagina a Vulva ze soen an ze vill Fraen wieren nach ëmmer gehemmt fir mat hirem Hausdokter gynekologesch Gesondheetsproblemer unzeschwätzen.
Dofir sollen nieft der Vagina-Konscht an Ausstellungen zu der kultureller a geschichtlecher Anuerdnung, och eng Rei Opklärungsprogrammer organiséiert ginn. De Musée wëll mat Medeziner zesumme schaffen an eng Rei Gespréicher, Table Ronde, Workshoppen a Course plangen mam But fir dat weiblecht Geschlechtsorgan endlech Salon-fäeg ze maachen an net méi rout ze gi wann een da mol dovunner schwätzt.