Et schéngt also elo net méi drëm ze goen, dat oder deen Schéinsten ze sinn, well neierdéngs heescht et ,,Clever mécht sexy!'' Dat behaapten op alle Fall nei Etüden, déi sech mat de Virléifte vun eis beschäftegt hunn.

24/06/2019 Clever mécht sexy!

,,Sapio'' ass d'Ech-Form vum laténgesche Verb ''sapere'' dat ,,Wëssen'' heescht. Sapiosexuell Mënsche si ganz einfach vun anere Leit ugezu well déi besonnesch clever sinn. Et geet hei also net just ëm d'Schéinheet, mee vill méi dorëms wat hannert dem Mënsch stécht, méi genee wat en alles drop huet.
Dës Mënschen hu relativ wéineg Gedold an hunn och iwwerhaapt keen Interessi dru mat anere Leit e Smalltalk ze hunn. Si sinn dofir awer vill drop aus mat anere Leit déifgrënneg Konversatiounen ze feieren, a sinn zum Deel och dovun ugezunn.
 
Ausgesi wier guer net wichteg, Iwwerflächlechkeet wier onattraktiv, ma Gespréicher iwwer Psychologie an d'Gesellschaft géifen hinne gefalen.
 
Wichteg ze wëssen ass awer och, datt d'Sapiosexualitéit net dat selwecht ass wei Hetero-, Homo-, Bi- oder Pansexualitéit. Et ass keng Orientéierung mee éischter eng Virléift. Dat ass natierlech och eng Grond wisou dat verschidde Léit de Begrëff kritiséieren, dëse géing vu ville Léit direkt als Orientéierung verstane ginn.
 
Ma och an de Soziale Medien an op Dating Plattforme wéi zum Beispill ,,Tinder'' gëtt d'Sapiosexualitéit ëmmer méi beléift, et schéngt also sou wéi wann ëmmer méi Leit op der Sich no engem intellektuelle Partner wieren.
A ganz sou ongewéinlech ass dat och net. Well datt d'Intelligenz eis unzitt kann och revolutionär Hannergrënn hunn. E méi héijen IQ géif nämlech och mat enger besserer Qualitéit vun de Spermien zesummen hänken, soe verschidden Etüden. Ëmmerhin ass d'Gehir eis greisst Sexualorgan. Et stéiert eis  Loscht, eis Unzéiung an och d'Emotiounen.