Haut sinn et genee 10 Joer hier datt de King of Pop fir ëmmer vun eis gaangen ass. Seng Musek ass eis bliwwen, leider och de batteren Nogeschmaach vun den éiwege Virwërf vu Kannermëssbrauch.

25/06/2019 Bréissel: kee Manneken Jackson

Mam Documentaire Leaving Neverland ass dat ganzt net vill besser ginn; hei soen zwee Männer aus, si wieren als Kanner sexuell vum Michael Jackson belästegt ginn. De Film hat fir vill Opreegung gesuergt an huet awer grad esou vill Froen opgeworf, wéi der bis ewell am Raum stoungen. Op där enger Säit ginn d'Aussoe vun den 2 Männer schockéierend an d'Detailer, op där anerer Säit stëmme verschidden Aussoen aus Leaving Neverland net mat der Realitéit iwwereneen. D'Wahrscheinlechkeet datt um 10. Doudesdag de Fall geléist gëtt, ass zimlech kleng, eng Ausso vum Michael Jackson selwer ass jo onméiglech.

Mat deem delikate Sujet am Hannerkapp gëtt haut also un de King of Pop geduecht, oder och net wéi zum Beispill an der belscher Haaptstad. Zu Bréissel sollt nämlech haut eng ganz bekannte Figur e Michael Jackson-Kostüm ugedoe kréien. De Manneken Pis gëtt ronn 130 mol d'Joer verkleet; fir St. Patrick's Day, Chrëschtdag, Europa- oder Weltmeeschterschaften a soss Evenementer. E Michael Jackson-Fanclub hat d'Demande gemaach fir dann eben haut de Manneken Pis als Michael Jackson ze verkleeden, fir déi se och eng positiv Äntwert kruten, allerdéngs war dunn nach net den Documentaire Leaving Neverland eraus.

Elo ass dann zu Bréissel decidéiert ginn datt de Manneken Pis kee Kostüm vum Michael Jackson ugedoe kritt an datt dee Kostüm och net an de Musée kënnt an deem een déi iwwer 1.000 aner Kostümer kucke kann. Ee vun de Grënn fir dës Decisioun ass dann awer och de Grand Départ vum Tour de France, dëst Joer ass deen nämlech zu Bréissel an et géing een d'Reaktioun vun de villen Touriste fäerten. D'Famill vum Michael Jackson steet nach ëmmer hannert dem Superstar a probéiert säi Ruff erëm hierzestellen.