Hëtzt, Canicule oder Summer; et ass ganz einfach richteg waarm haut, a Plazen an Europa gëtt haut un de 40 Grad gekraazt, fir de Mount Juni éischter aussergewéinlech. Wann dat kee gudde Grond ass fir e puer Fakte ronderëm déi grouss Hëtzt ze checken.

26/06/2019 Hëtzt

Ausso Nummer 1: Iwwer d'Mëttesstonn ass et am wäermsten.

Falsch

D'Sonn steet zwar ëm d'Mëttesstonn am héchsten a gëtt am meeschten Stralen of, d'Lofttemperatur erreecht hire Maximum awer eréischt e puer Stonnen duerno. Eréischt wann d'Äerduewerfläch opgehëtzt ass, datt och Stroossen an Diech Hëtzt ofginn, entstinn den Experten no déi héchste Wäerter vum Dag. Dobäi kënnt dann och nach datt d'Sonn net um 12:00 mä eréischt um 13:00 hiren héchste Stand huet, bedéngt duerch d'Summerzäit, an eiser Géigend steet d'Sonn souguer nach méi spéit am Héchsten. Dowéinst kann een dovunner ausgoen datt et tëscht 16:00 a 18:00 am wäermsten ass.

Ausso Nummer 2: Beduine schütze sech mat donkele Kleeder virun der Hëtzt.

Richteg, mä et läit éischter um Schnëtt wéi un der Faarf.

Obwuel datt wäiss Kleeder d'Sonneliicht reflektéieren, gräifen vill Mënschen an de Wüsten vun Nordafrika an am Noen Osten op donkel Kleedung zeréck, doriwwer ass schonn an den 80er Joer gefuerscht ginn. An deemools ass een zu dëser Erkenntnis komm; wann een d'Kleeder labber ronderëm de Kierper unhuet, kann d'Loft zirkuléieren an d'Wäermt ewech transportéieren an d'Haut killen, egal wéi eng Faarf. Bei dësen Tester ass dann och erauskomm datt d'Temperatur vun der Haut méi héich ass wann een enk Kleeder unhuet.

Ausso Nummer 3: Eng kal Dusch stoppt d'Schweessproduktioun.

Falsch

Duerch dat kaalt Waasser geet d'Kierpertemperatur erof, mä d'Gehir kritt parallel e Message vu Keelt. Dowéinst zéie sech d'Bluttgefäässer direkt ënnert der Haut zesumme fir de Verloscht vun der Wäermt ze verhënneren. No der kaler Dusch muss de Kierper dann erëm un déi héich Temperaturen upassen, also gëtt geschweesst an net ze knapps. Besser ass et net ënnert der Kierpertemperatur ze duschen.

Ausso Nummer 4: Waarmen Téi erfrëscht méi wéi eng kal Limonad.

Richteg

Déi selwecht Geschicht wéi mam Duschen donieft ass de mënschleche Kierper bekannt dofir datt Iessen a Gedrénks un d'Duerchschnëttstemperatur vu 36,7 upasst, egal ob kal oder waarm. E waarmen Téi suergt dofir datt mir stänneg schweessen, awer nëmme liicht, dee Schweess verdonst an dat killt. An Nordafrika ass de Peffermënztéi immens beléift an dee killt och.

Ausso Nummer 5: Ventilatore suerge bei Hëtzt fir Ofkillung

Ongewëss

Eent ass sécher; e Ventilator bréngt d'Loft a Beweegung. Ween an der kënschtlecher Loft sëtzt, spiert eng Ofkillung an dat well de Schweess op der Haut verdonst. Allerdéngs geet d'Temperatur am Raum net erof. Schuede kann e Ventilator net.