Wann et esou waarm ass dobaussen, da spiert een d'Hëtzt um ganze Kierper. An dozou gehéieren natierlech och eis Féiss. An déi sinn och net onbedéngt frou mat de waarmen Temperaturen. Wat der fir är Féiss kënnt maachen, a wourop ee beim Schong kafe muss oppasse, seet eis d'Julie Dupont.

27/06/2019 Schong voll Féiss

Déi eng si méi geplot wéi déi aner mat dem Problem. Frae si mat am meeschte betraff. Besonnesch schwanger Fraen hu vill mat geschwollene Féiss ze kämpfen, och ouni d'Hëtzt. Am Allgemenge schwëllen d'Féiss awer elo mat den ongewinnten Temperaturen immens schnell un. Dat kennt doduerch, dass d'Bluttgefäässer mat der Hëtzt sech vergréisseren. D'Blutt fléisst dann méi lues duerch de Kierper. D'Vene gi manner elastesch a loossen Flëssegkeet an d'Gewebe. A schonn ginn d'Féiss méi deck.

Et ginn awer e puer Saachen déi ee ka maachen géint geschwolle Been: wann der op der Aarbecht vill sëtze musst, da probéiert ëmmer erëm dertëscht d'Féiss héich ze leeën oder Iech méi ze beweegen. Owes, wann et méi kill ass, ass et och ganz gutt e bësse spadséieren ze goen. Dat reegt d'Bluttzirkulatioun erëm un. Och wichteg: vill drénken. Genuch Waasser drénken ass bei den aktuellen Temperaturen souwisou wichteg. De Kierper verléiert duerch d'Schweesse vill Waasser. Waasser mat ville Mineraler drénken ass gutt fir de Kierper an fir d'Zirkulatioun an de Been. Och Kraidertéi deet do gutt.   

Sport ass och gutt fir d'Venen an de Been ze stäerken. Wat sech do bei héijen Temperature besonnesch ubitt: schwammen. Dat killt of an deet gutt. Genee wéi eng Biitche kaalt Waasser. Dat erliichtert den Drock an de Been an an de Féiss.

Ee grousse Service leescht der och äre Féiss, andeems der bequem an am Beschten oppe Schong un ditt. Et ass och gutt schonn opzepassen beim Kafen vun de Summerschong.

Déi ideal Dageszäit fir Schong ze kafen ass zum Beispill am fréien Nomëtten. Dann sinn d'Moosse vum Fouss am richtegsten. Wann der mueres Schong umoosst, sinn d'Féiss nach ee Stéck méi schmuel. Wann der dann Schung kaaft kann et sinn, dass se méi spéit am Dag dann ze enk sinn a stremmen.
Och bei der Suel gëllt et opzepassen. Dënn Suelen, wéi een se bei Ballerinnen, Flipp Flopps, oder anere liichte Schong fënnt, soll een och besser evitéieren. Se gesinn zwar schick aus, mee sinn immens schlecht fir d'Féiss. Beim Trëppelen schützen déi dënn Suelen de Fouss net genuch. Ausserdeem rullt de Fouss sech net optimal of, wat heescht, dass ee beim Trëppelen net mat der Feescht ufänkt an op den Zéiwen ophält. Dat ass ënnert anerem schlecht fir d'Gelenker. Ganz schlecht bei waarmen Temperaturen sinn och Tallekeschung: de Fouss ass net gehalen, kann net richteg ofrullen, an engt de Fouss an. Besser also e bësse méi Profil a méi Suel. Da sinn är Féiss och méi frou mat Iech.