Wat d'Sonnecrème fir de Kierper ass, wat de Sonnebrëll fir eis Ae ass an zwar e Schutz géint d'Sonn. Séier mol e Sonnebrëll kafen! Dat ass a priori eng gutt Iddi, mä An op beim Kaf vun engem Sonnebrëll!

02/07/2019 Oppasse bei Sonnebrëller!

E Sonnebrëll sollt net just e coolen Accessoire sinn, mä an éischter Linn soll deen eis Ae virun ze vill Sonneliicht a Sécherheet bréngen. Dat muss och wéi de Sonnecrèmen, net deen deierste sinn, mä gewësse Kritäre sollt e Sonnebrëll dach erfëllen, wann een deen als Sonnebrëll da betitele wëll. 
Eis Ae sinn empfindlech; schiedlech Stralunge ginn dacks ënnerschat oder vill méi spéit eréischt gesinn. UV-Stralen (A/B/C) maachen eis Haut net just brong, si kënnen eis Haut och verbrennen an eng ze héich Intensitéit kann zu Schied vun der Binde- an Aenhornhaut féieren a responsabel sinn, dass ee manner gutt gesäit. Am allerschlëmmste Fall kënnen d'UV-Stralen Entzündungen am A ausléisen, wéi eis d'Optikerin Nathalie Guill seet.

Op den éischte Bléck léisst sech net direkt erkenne, ob e Brëll elo gutt ass oder net. Kuckt dofir nom Qualitéitszeechen "UV 400" an dem CE-Zeechen. Domadder soll garantéiert ginn, dass de Produzent vum Brëll déi europäesch Qualitéitsufuederungen erfëllt. CE steet fir CE=Qualitéitskontroll vun der EU, mä et kënne och mol Fälschunge sinn, dofir léiwer den Expert opsichen.
Wann UV 400 drop steet, heescht dat dass d'UV-Strale bis zu enger Wellelängt vu 400 Nanometer gefiltert ginn. Dat ass fir d'Lichtverhältnisser an enger Stad da genuch. Geet et an d'Bierger, da muss de Sonnebrëll nach méi schützen.
Och bei de Kanner soll een uecht dinn, dass et e gudde Sonnebrëll ass, a jonke Joren ass den eegenen UV-Schutz vum A nach net sou vill entwéckelt.

Bei de Brëlleglieser ënnerscheet ee 5 Kategorien. Bei de Faarwen geet et vun transparente Glieser, bei liicht, mëttel an donkel bis ganz donkel. Donkel getéinte Glieser si gutt géint d'Sonn, ganz Donkel kommen bei de Bierger, Gletscher oder op dem Waasser an den Asaz.
Ma et ginn och Glieser, déi vum selwer méi donkel ginn an sech upassen.  Sou léisst d'Kategorie 0 tëscht 80 an 100 Prozent Luucht duerch an d'Kategorie 4, just nach 3-8 Prozent an déi soll een och net undoe wann een Auto fiert. Apropos Autofueren, huet et gereent an duerno schéngt d'Sonn op d'Strooss, da kéint e Sonnebrëll hëllefe mat Glieser déi polariséieren.

D'Gréisst an d'Form sollten dem Gesicht an dem Afale vun der Luucht ugepasst ginn. Nieft der Ästhetik soll de Sonnebrëll da sou sinn, dass d'A verdeckt ass, uewen an ënnen also optimale Schutz garantéiert ass.

Also séier mol e Sonnebrëll kafen, ass net déi beschten Iddi. Huelt Iech Zäit an och Rot, fir dass dat mam Schutz fir d'Aen och beschtens klappt.