Gemittlech bei schéinem Wieder zu Stockholm bei enger Taass Kaffi eng Ziggi fëmmen? Dat war emol! Nom Iesse virun d'Dier vum Restaurant an dobausse séier eng flutschen? Oder um Bus-Arrêt virum Meeting nach séier d'Nerve mat engem Nikotinschub berouegen? Och dat ass passé! D'Michèle Schons huet sech iwwert déi nei Fëmmgesetzer a Schweden informéiert.

03/07/2019 Fëmmen a Schweden gëtt ëmmer méi schwéier

Zanter dem 1. Juli gëtt et a Schweden méi streng Gesetzer géint d'Fëmmerten. Vun elo un ass d'Fëmmen a Stroossecafeeën a Restaurante mat Terrasse genee esou verbueden wéi bannendran. Et dierfen och bausse keng Fëmm-Ecken ageriicht ginn.
Ausserdeem ass och d'Fëmmen niert all Dier, déi an der Ëffentlechkeet benotzt gëtt, verbueden. Et duerf also net méi virum Restaurant, der Bank, oder engem Buttek gefëmmt ginn an och keen Äschenteller opgestallt ginn. 
Dat selwecht gëllt fir Spillplazen oder agegrenzte Sportanlagen, fir Haltestellen, egal ob Zuch, Bus oder Taxi. Ween do op eppes wat, dee muss seng Zäit ouni Ziggi verbréngen.
Ween iergendwou an der Stad no den Zigarette gräife wëll, dee muss elo am Prinzip e puer Meter Ofstand vum nächste Verbuet-Berräich anhalen an sech virdru grëndlech ëmkucken. 
Responsabel dofir dass déi Gesetzer dann och agehale ginn, sinn d'Proprietäre vun de Lokaler a Raimlechkeeten, well wann een aus Léift zu der Clientèle mol béid Aen an d'Nues zouhält, riskéiert en e Protokoll. Ausserdeem ass e verflicht de Clienten d'Gesetz kloer ze maachen an d'Police ze ruffen. Och hu verschidde Gemengen direkt dozou opgeruff eng Plainte géint d'Fëmmerten ze maachen. 
An der nordschwedescher Stad Umea huet een den 1. Juli souguer déi ganz Bannestad zur Fëmm-fräier Zone deklaréiert well et am Fong keen eenzegen Eck gëtt, wou een e puer Meter Ofstand zu der Verbuetszone hale kann.
Verschiddene Schwede geet dat Gesetz awer ze wäit a souguer Net-Fëmmerte mengen dass et hei em perséinlech Fräiheet geet, déi ageschränkt gëtt.
Aus Respekt op déi 7% déi a Schweden ëmmer nach fëmmen, huet d'Verwaltung vun der Stad elo versprach fir Fëmm-Ecken mat Schëlter anzeriichten an eventuell och eng Fëmm-Route, dass een an Zukunft och nach mat enger Zigarette ze fouss duerch d'Stad spadséiere kann.