Et gëtt och an den nächsten Deeg weider geschweesst... vläicht net méi grad esou staark wéi déi lescht Woch, ma trotzdeem ass et net vu Muttwëll besonnesch a waarme Raimlechkeeten e Ventilator dréinen ze hunn... awer dat ass net ëmmer ganz gesond, Michèle?

04/07/2019 De Ventilator ass net ëmmer e Virdeel

Huet ee keng Klimaanlag, da setzt een sech och alt mol gären de Ventilator bei d'Bett. Domat sollt een awer dringend ophalen, well gesond ass déi Loftmaschinn beim Schlofen net wierklech, au Contraire.
De Ventilator dee verstäerkt nämlech Krankheetszoustänn. Huet een also Heeschnapp, Asthma, oder ass ee géint Stëbs allergesch, da mécht iech deen Apparat an der Nuecht guer kee Gefalen.
Och wann en d'Schlofkummer e bësse méi kill mécht, esou bléist en awer eng Onmasse vu Stëbs a Pollen duerch d'Géigend. Dofir sollt een och t'éischt mol den Apparat méi genee ënnert d'Lupp huelen, ass deen nämlech och scho voll Stëbs, da kënnt der sécher sinn, dass en deen och fläisseg am Raum verdeelt.
Dobäi kënnt och nach dass de Ventilator beim Schlofen d'Schläimhaut ausdréchent an am schlëmmste Fall produzéiert de Kierper als Reaktioun dorop iwwerméisseg Schläim an da fillt alles sech nach méi verstoppt un. 
A wär et net scho schlëmm genuch: Muskelkrämp. Wann de Ventilator beim Schlofen un ass, da kann et sinn dass ee mat steiwe Muskelen erwächt oder et deet engem alles wéi. Dat kënnt doduerch well déi kal Loft d'Muskulatur verkrampfe kann an dat ass besonnesch dann de Fall wann ee mam Gesiicht oder mat der Nuque ze no beim Apparat läit.
Fir eben esou Gesondheetsproblemer z'evitéieren, sollt ee besser op alternativ Killmethoden zeréck gräifen. Et gëtt zum Beispill Killmatratze fir d'Bett, oder et kann een och ganz einfach naass Handdicher ophänken, duerch d'Verdonstung ginn d'Temperaturen am Zëmmer nämlech och erof.