Ganz vill Leit kenne keen Dag ouni eng Taass Kaffi auskommen. A mat Cappuccino, Latte Macchiato a wéi se all nach heesche hu mer jo scho vill Choix hei. Mee wéi gesäit et dann an anere Länner aus? D'Julie Dupont weess wat an deenen aneren hiren Tasen dran ass.

08/07/2019 Kaffi mol anescht

  Wann der elo fir de Summer léiwer ee méi erfrëschende Kaffi wëllt, da sidd der gutt a Griicheland opgehuewen. De Café Frappé ass souzesoen de Griichen hire Nationalkaffi. Besonnesch komplizéiert ass d'Rezept net: et hëllt ee kaalt Waasser, wann ee wëll nach e bësse Mëllech, an Instantkaffi, dat ganzt gutt rëselen bis alles vermëscht ass a Voilà! Wann der a Griicheland dann eng kéier ee Frappé bestelle wëllt, ass et nach wichteg ze präziséieren wéi séiss e soll ginn. Dofir ginn et 3 einfach Wieder: Sketo ass ouni Zocker, metrio een Téiläffel, a gliko ass dann mat 2 Läffelen Zocker.

Falls dat elo nach ze vill normal ass, an der trotzdem eppes kales drénke wëllt dann huet Thailand vläicht dat richtegt ze bidden. Oliang heescht den thailänneschen Äiskaffi. Wat an den Oliang dra kënnt? Natierlech Kaffi, dann nach Weess, Sojabounen a Sesamkären. Déi Mëschung gëtt dann an e Glas mat Äiswierfelen geschott. Deemno wéi kennt dann nach séiss Kondensmëllech dobäi.

Mee keng Angscht, ech hunn net nëmme kale Kaffi. Am Vietnam drénken se zum Beispill gäre staarken Kaffi. Awer zockerséiss muss e sinn. De Cà phê sữa đá. Graff gemuelene Kaffi kënnt an ee Metallfilter. Dee Filter kënnt dann op ee Glas. Waarmt Waasser gëtt an de Filter geschott, an no an no drëpst de Kaffi dann an d'Glas. Da kënnt nach séiss Dousemëllech dran a schonn ass déi vietnamesesch Spezialitéit fäerdeg.  

Fir de Fall wou der eppes schaarfes sicht kann ech Iech och hëllefen. Am Senegal fann der de Café Touba. Säin Numm huet en wéinst der senegalesescher Stad Touba. An de Cafe Touba kommen natierlech gemuele Kaffisbounen dran. Mee nieft de Kaffisbounen kommen nach Selimkären an heiansdo och Neelecherskäpp dran. Selim ass eng Zort senegalesesche schwaarze Peffer. Wann der also ee Kaffi mat Schmackes wëllt, wësst der jo elo a wéi ee Land, dass der musst reesen.

Lo komme mer bei déi wahrscheinlechst gelungenste Kaffi Créatioun: Kaffeost. Wat der dofir braucht? Eng gutt Kan Kaffi, de Kaffi ka sou staark si wéi et perséinlech gefält. De wierkleche Star vum Kaffeost kënnt réischt. De Leipäjuusto, ass ee Kéis aus Koumëllech, deen speziell aus der éischter Mëllech no der Gebuert vum Källefche gemaach gëtt. De Kéis gëtt dann a kleng Stécker geschnidde, an eng Taass gemaach an da réischt gëtt de Kaffi driwwer geschott. Dëse Kaffi gëtt virun allem a Schweden a Finnland gedronk. Avis aux amateurs!