Bestëmmt hutt Dir och ëmmer gesot kritt, dass een nëmmen anstänneg schaffe ka wann een och anstänneg ësst. Dat gëllt souwuel fir d'Kanner an der Schoul wéi och fir déi Erwuessen op der Aarbecht. Wéi eng optimal Ernährung fir en Dag op der Schaff kann ausgesinn, huet d'Julie Dupont fir eis.

09/07/2019 Gesond iessen op der Aarbecht

Eigentlech wësse mer alleguer, dass eng gesond Ernährung wichteg ass fir eise Kierper. Fir optimal ze fonctionnéieren brauch de Kierper och déi richteg Liewensmëttel. Mee an den Alldag op der Aarbecht kritt een dat net ëmmer esou einfach agebaut.

Ëmmer méi beléift ass dat sougenannten Meal Prepping. Dat ass näischt anescht wéi säin Iesse vun der Woch am viraus ze preparéieren an dann all Dag anzepaken. De Virdeel ass ganz kloer, dass een sech nom eegene Goût ka kachen, an dass een eng ganz Rei Sue spuert wann op der Aarbecht keng Cantine ass an een dofir oft an de Restaurant muss iesse goen. Natierlech ass d'Iesse preparéieren och besonnesch optimal fir Leit déi méi ee spezielle Regime hunn.
Dat eenzegt wat wichteg ass: et muss eng Mikrowell oder ähnleches op der Aarbechtsplaz sinn fir d'Iessen och ze wiermen.

An deene meeschten Entreprise fënnt een awer hautdesdaags eng Kitchenette. Grouss kache kann een do net, mee dat ass och net de Sënn an Zweck vun der Saach. Duerch esou ee klenge Kichen-eck kann de Mataarbechter d'Iessenszäit u säin Aarbechtsrhythmus upassen. Et bréngt eng Selbstännegkeet an een Alldag deen oft vun anere bestëmmt ass.

Virun allem a groussen Entreprise kann ee an der Mëttegstonn awer och an d'Kantinne goen. Dat huet de Virdeel, dass een normalerweis net nach wäit fuere muss, a fir net allze deier iesse kann. A genee beim Kantinsiessen setzen elo ëmmer méi Entreprisen un. Eng besser Qualitéit bei de Liewensmëttel, a virun allem equilibréiert Platen sollen de Mataarbechter d'Liewe vereinfachen. An d'Produktivitéit verbesseren. Equilibréiert bedeit nämlech net nëmmen d'Zalot z'iessen. Idealerweis sollt een Teller gefëllt si mat 55%Kuelenhydrater, 15% Proteinen an tëscht 25 a 40% Fett. Do gëllt natierlech och: léiwer gutt Fetter zou sech huelen, wéi een se am Fësch, Nëss, a Käre ka fannen.