Mam Fliger an d'Vakanz fléien huet eng ganz Rei Virdeeler. Mee och Nodeeler, besonnesch wann d'Fligeren elo am Summer gutt gefëllt si mat Leit. Da wënscht een sech mol méi oft an der Business oder 1. Klass ze setzen. An op esou eng Plaz kann een och steeën. Wat der do musst maachen, seet eis elo d'Julie Dupont.

09/07/2019 Bëlleg an d'éischt Klass

Vakanzenzäit am Fliger ass net onbedéngt immens flott. Wéi angenehm ee Vol ass, hänkt ganz vill och vun den anere Passagéier of. Wann een 12 Stonnen nieft engem ongedëllege Kand setzt oder den Noper seng Féiss aus paakt an een se richt nach ier een se gesäit, da gëtt d'Rees bis an d'Vakanz laang. Do versprécht eng éischt Klass oder eng Business Klass virun allem eppes: Rou a méi Confort. Mee leider sinn déi och immens deier. Normalerweis.

Oman Air bitt senge Passagéier aus der Economy Class elo eng Méiglechkeet fir ebe net de Budget ze sprengen fir beim nächste Fluch an der Oase ze sinn déi sech Business Klass nennt. An zwar kann ee bei der omanescher Fluchgesellschaft een Upgrade steeën. Wéi vill een fir eng Plaz an der Business Klass well ausginn, kann ee selwer decidéieren.

Et ginn awer natierlech e puer Konditiounen. Virun allem musse mol nach Plazen an der Business Klass fräi sinn. Wann effektiv nach eppes fräi ass kann een uginn wéi eng Zomme ee bereet wär auszeginn fir eng besser Plaz. Dee mat der héchster Offer "gewënnt" dann souzesoen d'Stee. Bescheed gesot kritt de gléckleche Gewënner awer eréischt e puer Stonnen ier de Fliger fortflitt.
De Grond firwat een dat eréischt esou spéit weess ass net wierklech iwwerraschend: d'Fluchgesellschaft huet méi dovun wann een anere Passagéier bereet ass de volle Präis fir d'Business Klass ze bezuelen. Den Upgrade duerch d'Stee ass also éischter eng Last Minute Léisung fir op den eidele Sëtzer an der Business Klass nach e bëssi ze verdéngen.

Ganz nei ass d'Iddi iwwregens net. Site wéi plusgrade.com a seatboost.com, oder och Lufthansa hunn ähnlech Systemer wou een déi beléifte Sëtzer fir ee méi klenge Präis ka buchen. Wat nach méi bëlleg ka ginn: mat Zäiten u sinn um Fluchhafen a frëndlech froen ob vläicht nach Sëtzer fräi sinn an der Business Klass. Mat Chance kann een dann een entspaante Fluch genéissen, ouni een Cent méi mussen auszeginn.