Ëmmer méi Entreprise registréiere méi Begeeschterung um sportleche Plang. Kee Wonner, geet et dach ëm d'Gesondheet, ëm d'Motivatioun an ëm d'Gefill dozou ze gehéieren. A vill Entreprise ass awer nach Loft no uewen.

09/07/2019 Sport mat den Aarbechtskollegen ass gutt fir d'Motivatioun

De Sport an der Schoul huet ee jo nach bal misse maachen. Ob der Schaff ass dat eng aner Saach. De Mënsch mécht ëmmer méi am sëtzen. Klëmmt vum Büro an den Auto oder an den ëffentlechen Transport. Geet dertëscht knapps e puer 100 Meter.
Bei eise franséische Noperen gouf elo vun engem groussen Sportsbuttek eng Etüd lancéiert. Et wollt ee wëssen wéi eng Méiglechkeeten een an de Betriber huet wann ee sech Fit hale wëll.
Dobäi koum eraus dass 78% vun de Salariéeën sech et wënschen géifen Sport ob der Aarbecht maachen ze kënne. Ma nëmmen all 4. Entreprise bitt esou eppes un.

D'Mataarbechter hu sech dann ob der éischter Plaz gewënscht Yoga kënnen ze maachen, hannendru koum Boxen dono de Circle Training.

Marathone ze lafen gesinn d'Entreprisen als eng gutt Geleeënheet fir kënnen eng Zort Building ze offréieren. Een deen Aneren ze motivéieren ass e wichteg Element an esou enger Course. Firwat soll een dat net ob den Teamgeescht an der Firma kënnen iwwerdroen.

Et kann awer och mat engem méi banalen Zil goen. Et motivéiert ee seng Mataarbechter andeems een hinnen proposéiert esou vill Kilometer ze trëppelen oder ze lafen bis een emol ronderëm d'Äerd gaangen ass. Fiktiv versteet sech. Heifir ginn dann d'Kilometer vun der Ekipp cumuléiert. Esou huet jiddereen fir unzefänken ëm 750 - 2000 Schrëtt gemaach. Wat der WHO no wäit vun de recommandéierten 10.000 ass.

Als Motivatioun huet et geheescht den Tempo Dag fir Dag ëm 10% an 'Luucht ze schrauwen. Dat ganzt huet net nëmmen eppes fir déi perséinlech gemaach, et huet ee sech och nach besser kennegeléiert. Um Enn waren d'Leit méi mënschlech mateneen. Déi 50 Milliounen Schrëtt fir eemol ronderëm Welt ze goen waren also relativ séier gemaach.