Virun enger Zäitchen huet et geheescht, dass Sëtzen dat neit Fëmme wier. Also ongesond. Mä sou fatal dierft een dat elo net gesinn, et ginn nei Erkenntnisser.

10/07/2019 Sëtzen a sëtzen ass Zweeërlee

Fréier stoung de Mënsch just, also ganz fréier bei den Urmënschen an en huet sech just geluecht fir ze schlofen. Dat mam Sëtze koum méi spéit. An och déi domadder verbonne Problemer, Réckwéi an sou weider. Allerdéngs ass dat mam Sëtzen awer net sou fatal wéi ugeholl. Well sëtzen a sëtze wier zweeërlee. Vum medezinesche Standpunkt misst een haut e gesond Sëtzen an e riskant Sëtzen ënnerscheeden.

Gesond Sëtzen oder Sportsëtzen wéi ee an der „Jackson Heart Study“ seet wier dat ëmmer nees opstoen fir bei d'Kopéiermaschinn ze goen, fir e Kaffi sichen ze goen, also sëtzen an ëmmer nees opstoen. Wien elo sou sëtzt oder opsteet, misst sech keng grouss Gedanken ëm seng Gesondheet maachen.

Ganz anescht wier awer dat stonnelaangt Sëtze virun der Tëlee an dat guer net méi opkommen. Dat wier natierlech immens ongesond! Dat hu se an enger rezenter Etüd gesinn. Allerdéngs och nach eppes anescht dat ze denken gëtt.
E puer 1000 Testpersounen haten d'Häerzspezialisten fir eng vun de gréissten Bevëlkerungsetüden rekrutéiert. An engem Papier am Fachmagazin „Jama“ vun der amerikanescher Medezingesellschaft, hunn si elo 300 kardiologesch Incidenten an Doudesfäll ausgewäert.
Virun allem schwaarz Amerikaner géifen am Duerchschnëtt haut 5 Joer éischter stierwen, well si kranksëtzen, heescht et do. D'Zuel vun deenen, déi stonnelaang sëtzen an Tëlee oder en Ecran kucken a leider dann och méi iessen, virun allem nëmmen Ongesondes wéi Chips an däers, wier immens gewuess.