Haut ass praktesch alles digital, souguer de gudden ale Sticker. Obwuel, e bëssen analog ass d'Abzebild trotzdeem nach ëmmer, et muss jo fir d'éischt geprint an da gepecht ginn. Eréischt wann eng Foto vum Sticker am Netz lant ass et dann och digital. Hei ass d'Geschicht wéi sou e Sticker ongewollt digital ginn ass.

11/07/2019 Nett hier: ongewollt Reklamm op Instagram

D'Anastasia Karanikalaou, eng Frëndin vum Kylie Jenner, Iwwerraschung; och eng Influencerin, war virun net all ze laanger Zäit op der Insel Anguilla an huet, wéi Influencer dat sou maachen, eng Foto vu sech gemaach an déi an de sozialen Netzwierker, notamment op Instagram gepost. D'Anastasia steet am Bikini virun enger Bar mat Rum-Fläschen, eng Bar op der Plage natierlech, mam Mier hannendrun.

Deene knapp 5 Millioune Follower fält e klengen Detail relativ séier op; ënnert dem Comptoir pecht nämlech en Abzebild mat dësem Text "Nett hier. Aber waren Sie schon mal in Baden-Württemberg?". Dee Sticker gëtt et wierklech a kann op der offizieller Internetsäit vum Bundesland bestallt ginn. Nationbranding nennt een dat, oder Bundeslandbranding. Mol eng Kéier kee Shitstorm mä eng Well vu Sympathie fir dee klenge Sticker deen nawell op villen anere Plazen op dësem Planéit gepecht ginn ass.

Mat sou engem grousse Succès hat een net gerechent, de Sticker ass nämlech an enger Zäit erauskomm an där et d'Wuert viral nach net gouf oder Gut Ding will Weile haben wéi se an Däitschland soen. Eng enorm léif a flott Reklamm fir Baden-Württemberg.

Hei kënnt dir de Sticker Nett hier bestellen