Moiesmënschen nennt ee Léiercher a Mënschen, déi gären nuets opbleiwen, hunn dee schéinen Numm Nuetseilen. Wéi ass et da mat Iech? Stitt Dir léiwer mat den Hénger fréi op oder kommt Dir owes net an d'Bett?  A kann een dat iwwerhaapt änneren?

11/07/2019 Nuets- oder Moiesmënsch?

Et ass eis bannescht Auer, déi bestëmmt, ob ee schonns an aller fréi Beem kéint ausrappen oder léiwer méi laang schléift fir iwwerhaapt mol zou sech ze kommen. En extremen Nuetsmënsch schléift zwou oder méi Stonne méi spéit wéi et soss normal ass, soen d'Chronobiologe vun der Charité Berlin.
Well nieft deenen zwee Typpen, Nuets- a Moiesmënsch, gëtt et och nach den Normaltypp, dat wiere 60 Prozent vun de Mënschen an déi schlofe meeschtens ëm Mëtternuecht. Déi aner 40 Prozent si Léiercher an Nuetseilen an zielen zu Extremtyppen.

Et wieren d'Genen an och d'Geschlechtshormonen, déi de Chronotyp definéieren. Et wiere vill Männer Typ Nuetseil, no de Wiesseljore géifen och alt méi Fraen dozou tendéieren. Kanner sinn Ufanks dacks Léiercher an da kënnt d'Pubertéit an dann ännert alles! Da ginn aus Moieskanner och mol Nuetseilen.

Allgemeng ass d'Liewe méi ustrengend fir Nuetsmënschen, well Schoul, Studium an Aarbecht fänken an der Reegel fréi moies un. Vill gi sou gezwonge géint hir bannescht Auer ze liewen, dat bedeit fir déi Betraffe vill Middegkeet a schlecht Stëmmung an dat permanent Liewen géint déi bannescht Auer kann zu psychesche Problemer, ongesonde Gewunnechten an zu Krankheet féieren.

En neie Blutttest soll elo Informatioune liwweren, wat fir en Zäittypp een ass. Dofir ginn d'Monozyten aus dem Blutt eraus gefiltert fir Donnéeën ze liwweren iwwert sougenannten Zäitgenen. Dëst si Genen, déi moies, nuets, nomëttes an owes aktiv sinn. Wann d'Relatioun vun dësen ënnertenee ka bestëmmt ginn, dann hätt een e Fangerofdrock vun der Zäit, wéi se am Blutt virkënnt.

Och wann déi genetesch Dispositioun sech net ännere léisst, kann de Biorhythmus mat e puer Tricken e bëssi beaflosst ginn.
Duerch d'Liicht wier dëst méiglech. Sou sollen Nuetseilen, déi fréi opstinn virum Schlofe goen dat blot Liicht vun den Ecranen evitéieren. Da soll ee moies direkt nom Erwächen vill Dagesliicht tanken a sech beweegen.
Iwwerhaapt wier de Sport ideal fir Afloss op eis bannescht Auer ze huelen. Wee bis 4 Auer nomëttes Sport géif dreiwen, kéint seng bannescht Auer ëm 90 Minutten no vir réckelen.  Ass den Training tëscht 7 an10 Auer owes, da verréckelt sech eis bannescht Auer 2 Stonnen no hannen.