2 Oscaren huet e gewonnen, zielt zu de gréissten amerikaneschen Acteuren a leet sech reegelméisseg mam US-President Trump un! Richteg mir schwätze vum Robert de Niro an deem ass elo eng formidabel Iddi komm

11/07/2019 Filmstudio zu New York

Ufanks vum 20. Joerhonnert hate vill Filmgesellschaften den Oste vun den USA verlooss fir sech am Westen néier ze loossen, aus 2 Grënn: fir do vum bessere Wieder ze profitéieren a vun enger Landschaft, déi nach net sou bewunnt war. Finanziell Grënn goufen et sécher fir d'Filmproduzenten och, ma Hollywood war gebuer a gouf zum Synonym fir Film a Glamour.
 
Ee vun de gréissten Hollywood-Staren ass de Robert De Niro an dee léisst elo zu New York e Filmstudio bauen. Hien ass New Yorker duerch an duerch a well sech déi amerikanesch Metropol och bei der Filmindustrie ëmmer méi beléift mécht, huet den Acteur Neel mat Käpp gemaach an wëll e Filmstudio zu Queens installéieren. 332 Filmer wieren an der Milliounemetropol gedréint ginn. Besonnesch de Staddeel Queens, wou ënnert anerem e puer Filmstudioe sech néier gelooss hunn, ass ëmmer méi staark genotzt ginn.
 
Zesumme mat sengem Fils Raphael an Investisseuren huet den De Niro en Terrain kaaft a fir ronn 400 Milliounen Dollar soll dorobber de Wildflowers Studio entstoen. Virdrun hat do de Pianosproduzent Steinway & Sons seng Hall fir seng fäerdeg  Museksinstrumenter ze stockéieren.