Et gëtt en Zesummenhang tëscht dem Gerochssënn an der Tatsaach dass ee méi op den Hëften huet. Fuerschen soen dat hätt mat der Nervenachs tëscht dem Bauch an dem Gehir ze dinn.

16/07/2019 Iwwergewiicht an d'Nues

Mënschen, déi méi déck sinn, kënne manner gutt richen. Dat ass bei enger Etüd mat méi wéi 1400 Persounen erauskomm. Eenzel Geréch gi manner gutt ënnerscheed. D'Fuerscher hunn och d'Etüden ënnersicht, déi no Operatiounen fir de Mo ze verklengeren, gemaach goufen. Mam Resultat, dass déi Patienten dono besser riche konnten.

Dat hätt mam 'Vagusnerv' ze dinn, deen duerch d'Operatioun ewéi nei gestart gëtt, an et ass och deen, deen de Mo-an-Daarm-Trakt mat deem Deel vum Gehir verbënnt, mat deem ee richt. Nom Agrëff wuesse nei Nerven-Enner an e gëtt erëm méi aktiv. Eng Erklärung dofir ass, dass d'Iwwergewiicht Schold drun ass, dass de Vagusnerv net méi esou gutt an domatter och d'Nues net méi esou gutt funktionéiert. Leit déi manner gutt richen, schmaachen och manner, a gräifen dacks zu Iesswueren déi méi intensiv am Goût sinn. An déi Liewesmëttelen enthale méi Fett, Zocker a Salz
... also och méi Kalorien an déi setzt een erëm un.