De Fall gesat dir maacht dëse Summer Vakanz an Däitschland kéint iech op enger präziser Autobunn eppes komesch virkommen. Lauter faarweg Strécher op der rietser Bunn.

15/07/2019 Verkéier: Komesch Strécher op der A4 an Däitschland

Ass et Konscht? Eng Manéier fir d'Zäit ze verdreiwen? Eng Reklamm? Weder nach. En Test. Op der A4 bei Jena, dat ass an Thüringen ass op der rietser Bunn den Ament eng méi lass. Sträifen a Strécher an alle Richtungen a Faarftéin. Mol de laange Wee, mol de breeden, mol kuerz, mol schmuel, mol hellgiel, mol donkelgiel. Do kann ee schonn e bëssen duerchernee gi wann een op där Autobunn ënnerwee ass. Allerdéngs ass d'Opléisung vun dësem Rätsel net sonnerlech komplizéiert.

Et ass eng Zone an där Folië getest ginn déi am Kader vun engem Chantier op der Autobunn op d'Strooss gepecht ginn, fir zum Beispill ze weisen datt d'Spuer méi enk gëtt oder datt een op der Pannespur laanscht fuere soll. An der Vergaangenheet goufen et nämlech dacks Problemer mat de Reschter vu sou Folien no engem Schantjen. Hei gëtt dann elo nach ronn 3 Méint laang getest, wéi eng Stickeren am beschten ofschneiden. Gekuckt wéi gutt d'Folien erëm erofginn, ob ee se och gutt am Dag gesäit, wéi et sech driwwer fiert wann et naass ass a sou weider. Well déi Tester awer bei ville Chauffeure fir Irritatioune suergen, huet een elo wëlles Schëlter opzeriichte fir d'Leit z'informéieren datt do eng Zone mat komesche Sträife kënnt. Accidenter hätten et bis ewell nach keng ginn, bleift ze hoffen datt et och dobäi bleift.