Et ass net Manhattan an och net Santorini. Santa Cruz del Islote, eng kënschtlech Insel mëtten an der Karibik, ass déi Insel mat der gréisster Bevölkerungsdicht weltwäit. Hei liewe ronn 1200 Leit verdeelt op 100 Gebaier. Dëst si pro Quadratkilometer iwwer 100.000 Awunner. Do freet ee sech wat des Insel sou attraktiv mëscht, Julie Mathes.

16/07/2019 Déi iwwerfëllsten Insel vun der Welt

Schold sinn d'Mécken. Si sinn eng richteg Plo op den Archipelsinselen nërdlech vu Kolumbien. Zu Santa Cruz del Islote gëtt et awer keng. Dat huet e Fëscher vu Baru festgestallt, wéi hien hei op der Sich no neie Plazen fir ze Fësche war. De Grond heifir ass wahrscheinlech de Wand, deen hei méi staark bléist wéi op den Inselen ronderëm. Doduerch entsteet ze vill Widderstand fir d'Mécken fir kënnen ze fléien.
 
Et gouf weder Mécken nach Mënschen zu Santa Cruz del Islote, wéi de Fëscher hei déi éischte Kéier iwwernuecht huet. Dat huet sech awer du schnell geännert an d'Insel huet sech no dëser Entdeckung séier gefëllt. No 150 Joer ass d'Insel haut komplett verbaut. Mat iwwer 100.000 Awunner pro Quadratkilometer wunnen hei véier mol méi Leit ewéi zu Manhattan an domatt och méi wéi op all anerer Insel op der Welt.

Et gëtt och keng ëffentlech Plaz, déi méi grouss ewéi en hallwen Tennisterrain ass, wat bedeit, dass ee souguer fir Fussball ze spillen op eng aner Insel fuere muss. Dobäi kënnt natierlech och, dass d'Ressourcen op sou enger iwwerfëllten Insel extrem begrenzt sinn. Drénkwaasser gëtt all dräi Woche geliwwert a muss deemno spuersam gebraucht ginn. Elektresch gëtt et hei och net, duerfir awer ee Generator, deen nëmme puer Stonnen den Dag Stroum produzéiert. A wann een hei en Dokter braucht, sicht een dëse genausou hoffnungslos, wéi Touristen eng Plage.

Mee wien lo mengt, dass d'Awunner vu Santa Cruz del Islote onglécklech sinn, huet sech geiert. Wéi een Awunner erzielt, gëtt et nämlech anscheinend keng Gewalt hei an duerfir och keng Police. Den Awunner no herrscht hei e friddlecht Zesummeliewen, soudass een owes mol keng Dieren zouspäre muss. Fir déi meescht Leit also e Paradäis, dat kee sou séier verloosse wëll. Iergendwann kënnt awer och fir den treisten Inselbewunner den Zäitpunkt der Insel Äddi ze soen. Zu Santa Cruz del Islote ass nämlech mol keng Plaz fir e Kierfecht an duerfir mussen déi Verstuerwen op der Nopeschinsel begruewe ginn.