A véier Deeg ass de 50ten Gebuertsdag vun der éischter Moundlandung. Duerfir ass et och en interessanten Zoufall, dass grad haut den Owend en natierlecht Moundspektakel um Himmel ze gesinn ass.

16/07/2019 Mounddäischtert

Wann een den Owend tëscht 9 an 2 Auer an der Nuecht an den Himmel kuckt, kann een en däischterrouden Mound beobachten. Natierlech och nëmmen, wann d'Wierder matspillt a keng Wolleken den Himmelskierper verdecken.

Eng Mounddäischtert gëtt et nëmme bei Vollmound, wann d'Sonn, de Mound an d' Äerd op enger Linn sinn. D' Äerd, déi vun der Sonn ugestrahlt gëtt geheit nämlech e Schied an de Weltall a wierkt domatt wéi e Sonneprabbeli. Wann de Mound dëse Schied duerchleeft, entsteet eng sougenannte Mounddäischtert. Esou eng Mounddäischtert entsteet awer net bei all Vollmound. De Grond dofir ass, dass de Mound an d' Äerd net am selwechte Wénkel zoueneen verlafen.

Dobäi kënnt, dass een och en Ënnerscheed tëscht enger hallwer an enger ganzer Mounddäischtert mëscht. Wann de Mound komplett am Schied vun der Äerd steet ass et eng ganz Mounddäischtert, wat méi seele virkënnt. Haut den Owend wäert de Mound just zu 65 Prozent an de Schied vun eisem Planéit antrieden an um hallwer 12 ass de Maximum vun der Däischtert areecht.

Als lëscht war eng Mounddäischtert d'lëscht Joer am Juli ze gesinn, wou ee gläichzäiteg och de Mars um Himmel beobachte konnt. Dat war e Spektakel, deen et sou bal ni gëtt.
No dëser Mounddäischtert brauch een awer Gedold, well et dann bis am Mee 2022 keng méi a Mëtteleuropa ze gesi gëtt.