Scho vun "Dooring" héieren? Kléngt lëschteg, ass et awer net. Am Géigendeel: et ass souguer ganz geféierlech, wann e Vëlosfuerer laanscht geparkten Autoe fiert an op emol rappt e Chauffeur d'Dier op. Féiert zu uergen Accidenter. Elleng an Däitschland stierwen duerch den Dooring all Joer eng 20 Vëlofuerer. Eng 290 gi schwéier verletzt. Fir dat ze verhënneren, kréien d'Chauffeuren am Vëlosland Holland e ganz besonneschen Trick bäibruecht. Raphaëlle Dickes

Hollännesche Grëff

Iwwer d'Schëller kucken ier een eng Autosdier opmécht, ka Liewe retten. Dofir léieren d'Fahrschüler an Holland, datt se wa se aus dem Auto klammen, d'Dier egal wéi ëmmer mat der rietser Hand opmaache sollen. Esou dréint ee sech mam Uewerkierper a kuckt quasi automatesch iwwer d'Schëller. A gesäit de Vëlosfuerer am doudege Wénkel. Erkläert de Philippe Herkrath vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ.

Philippe Herkrath - LVI: D'Saach ass einfach déi, dass een doduerch wann een déi Method bis uwennt, eben net méi all Kéier muss drun denken fir als éischt an de Réckspigel ze kucken ob kee Vëlofuerer kënnt oder net. Mee et gesäit een automatesch wann een d'Dier opmécht, ob vun hannen e Vëlofuerer ënnerwee ass oder net. An dat ass schonn eppes, wat mir ënnerstëtzen natierlech.

Statistiken iwwer d'Affer vum "dooring" hei am Land ginn et keng. Mee och zu Lëtzebuerg goufen et schonn Doudeger duerch dës Onopmierksamkeet vum Chauffeur.

 D'Gefor fir de Vëlosfuerer ass natierlech ganz grouss. Do gëtt et och verschidde Situatioune wou schonn déidlech Accidenter virkomm sinn. Einfach well ee mat enger héijer Geschwindegkeet an esou eng Dier arennt kann ee sech natierlech schwéier verletzen. Och bei Auswäichmanöver kann et passéieren, dass ee mat engem Auto zesumme geréit.

Et géif also och zu hei am Land Sënn maachen de Fahrschüler den Hollännesche Grëff ze weisen a se drop ze sensibiliséieren, wéi einfach ee mat dëser Method Accidenter verhënnere kann. Mee och de Vëlofuerer sollt op d'mannst ee Meter Ofstand zu parkenden Autoen ze halen, réit d'Lëtzebuerger Vëlos-Initiative, déi sech domadder op d'Sécherheetsconsignen vun den Däitschen an Éisterräichesche Verbänn alignéiert.

Dat anert ass eben dann do wou Vëlos Infrastruktur geplangt gëtt, do muss einfach opgepasst ginn, dass e gewëssenen Ofstand zu de parkenden Autoe besteet. Dat ass och elo beim veloplangen.lu deen de Ministère d'lescht Joer publizéiert huet, wou sou Informatiounen un d'Gemenge gi gëtt wéi se hir Vëlos Infrastruktur sollen uleeën an do gëtt och gesot, dass mindestens tëscht engem Hallwe Meter an engem Meter Ofstand tëscht parkenden Autoen an der Vëlos Infrastruktur soll bestoen.

Vu datt de Vëlofuerer esou Plaz huet fir auszewäichen, kann de Risiko vum dooring minimiséiert ginn. Dës Moossnahmen maachen den Hollännesche Grëff awer nach laang net iwwerflësseg. Et ass a bleift en einfach e Geste, dee Liewe rette kann. Iwwerall. Ma besonnesch op deene sëlleche Stroossen, wou et nach keng speziell Vëlos Infrastrukture gëtt.