Do muss d'Lizzie Daly zimlech grouss A gemaach hunn.

Am Kader vun der Spendecampagne Wild Ocean Week war déi britesch Biologin mat hirem Ënnerwaasserkameramann Dan Abbott am Atlantik virun der englescher Küst ënnerwee. Net wäit ewech vun engem wonnerschéine Riff hat d'Lizzie schonn deen een oder anere Jelliskapp entdeckt, bis op eemol aus der Däischtert, déi grouss Versioun vum Jelliskapp geschwomme komm ass. Normalerweis ginn déi Zort Jelliskäpp do am Atlantik bis zu 90 Zentimeter grouss an hunn en Duerchmiesser vu 40 Zentimeter. Den Apparat viru Cornwall deen do geschwommen ass, huet et awer op sensationell 2 Meter gepackt. Als Biologin kann ee sech dann och mol un den Tentakele festhalen an en Tour matschwammen; komplett ongeféierlech wier dee Jelliskapp, de Stachel wier mëll gewiescht. Den 0-8-15-Taucher hätt wahrscheinlech a säin Neopren gemaach.