Et gëtt schonn déi verréckste Saachen déi een ob Uni'en uechtert d'Welt studéiere kann. Kierperhygiène, Esoterik, Kaffi Management, Pabeiertechnik asw asf. Elo kënnt dann nach e Fach dobäi. Ob der Uni zu Newcastle kann een elo en Dokter am Heavy Metal maachen.

16/07/2019 Dokter-Titel am Heavy Metal

Dir hutt richteg gelies. D'Musek huet an de leschte 40 Joer e kulturellen Trend presentéiert. D'Musek ass entretemps net méi aus eiser Welt ewech ze denken.
An Australien ob der Uni vu Newcastle kann een elo dat Fach studéieren.

Themen déi hei um Stonneplang sti sinn dës:
Mat wéi enge lyresche Sujete beschäftege sech australesch Metal-Bands
Wat ass d'Bezéiung tëscht der kultureller Entwécklung vun Heavy Metal an der Kolonialisatioun
Ass Heavy Metal an Australien en haaptsächlecht wäisst Phänomen.
Wéi e Ruff hunn d'Fans a wierkt dat sech ob Uertschaften aus déi Metal Fans fir sech beusprochë kënnen

 

Wien an déi Richtung wëll goen dee muss e Bachelor hunn, an am Idealfall schonn e Master an der Geografie hunn.
Wien säi Gléck wëll probéieren dee kann nach bis de 15. August seng Demande eraschécken. Nieft 2 Inlännesche Studente gëtt och eng Plaz ob internationalem Niveau ausgeschriwwen. Dernieft ass dat ganzt och nach bezuelt. Ganzer 27.59 Dollar stellt d'Schoul zur Verfügung.

De Gléckleche gëtt dann am September kontaktéiert.

Et ass awer net déi éischte Kéier dass e Studium an déi Richtung geet. Am Joer 2012 schonn huet e Fuerscher aus Neiséiland en Dokter an deem Domän gemaach hien huet Sozialverhale vun den Heavy Metal Fans an enger Dissertatioun festgehalen.
Hien ass am Déngscht vun der Wëssenschaft ob eng Hellewull u Concerte gaangen. Ganzer 61.000 Euro huet de Spaass kascht. Um Enn war d'Resultat dass d'Heavy Metal Fans sech net an een Tirang stieche loossen. Analyséiert gouf d'Verhale bei Concerten a Festivallen verbonne mat Gefiller an hirem Optrieden ob der Aarbecht.