Ee vun de bekanntste jonke Stare vun der Welt, se ass Schauspillerin a Sängerin, kritt haut 27 Joer. Mat 153 Millioune Followers ass Selena Gomez déi mat de meeschten op Instagram.

22/07/2019 Happy Birthday Selena Gomez

Am Alter vun 10 Joer hat d'Selena Gomez scho bei hirer éischter Fernsehserie mat gemaach. Hiren Duerchbroch koum du mat der Disney-Channel-Serie "Wizards of Waverly Place" am Alter vun 15 Joer. Si war awer och bei Serië wei "Hannah Montana" ,"Zack and Cody an Board" an "Sonny Munroe" ze gesinn, an konnt och a méi groussen Filmer matspillen.

2007 hat den amerikanesche Star den Titelsong "Everything is not what it seems" fir hir Disney Serie opgeholl. De Sprong an d'Musekskarriäre koum dunn ee Joer méi spéit wéi d'Selena Gomez e Vertrag mam Label "Hollywood Records" ënnerschriwwen huet. Zanterhier huet si 3 Albume verëffentlecht an eng vun hiren bekanntste Singlen ass "Wolves" aus dem Joer 2017 zesumme mam DJ Marshmello .

Nieft der Musek an der Schauspillerei huet d'Selena Gomez vun 2009 bis 2012 beim "Projet Disney Friends for Change" mat gemaach. E Projet vun der "Walt Disney Company" bei deem sech Stare fir d'Ëmwelt asetzen. 2009 gouf d'Schauspillerin dunn déi jéngsten UNICEF Ambassadrice.

2015 huet d'Selena Gomez hir Krankheet bekannt ginn. Si leit u Lupus a war dowéinst 2016 gezwongen hir Welttournée ofzebriechen. Wéi déi amerikanesch Sänger a Schauspillerin 2017 eng Nier vun enger Frëndin gespent gespent krut hunn d'Fans opgeotemt. Zanterhier geet et dem Weltstar och nees besser, wéi een op soziale Medien matverfollege kann.

D'Selena war nieft dem Justin Bieber och nach mat anere Museker wei dem Nick Jonas, DJ Zedd an the Weekend zesummen. Ufanks 2018 haten den Justin Bieber an d'Selena Gomez der Bezéiung eng zweete Chance ginn, wat awer net laang gehalen hat.

Mat der Léift ass et wéi mam Kaffi- opgewiermt schmaacht dat net méi ;-)