E Mangel u Personal ass an der Touristebranche ëmmer méi heefeg. Op der Insel Norderney gëtt et awer een Job an dësem Beräich, dee méi wéi gefrot ass, Julie Mathes.

17/07/2019 Dramjob Inselblogger

De ganzen Dag iwwert eng Insel trëppelen, Andréck sammelen an dës weidervermëttelen. Inselblogger ass en Dramjob fir vill Leit an zu Norderney, eng ostfriesesch Insel an der Nordsee, ass dësen Dramjob Realitéit. Kee Wonner, dass dëst Joer iwwer 285 Männer a Fraen tëscht 16 a 87 Joer sech fir dës Aarbecht gemellt hunn. D'Interessenten komme vun iwwerall. Souguer Leit aus Russland an Australien wëllen dem Dieke Günther säi Posten als Inselblogger zu Norderney iwwerhuelen.

Den Alter spillt bei dëser Aarbecht éischter eng Nieweroll. Méi wichteg ass eng gewësse Mediepraxis. Do gehéiert dozou, dass een d'Liewen op der Insel flott filme kann a Spaass beim Erzielen an Duerstellen huet, erkläert d'Sarah Rönner vum Inselmarketing.

Als Inselblogger zu Norderney kritt ee fir e ganzt Joer eng miwwléiert Wunneng, eng Kamera a 450 Euro  d'Woch. Dat si keng schlecht Konditiounen, wann ee bedenkt, dass d'Haaptaufgab als Inselblogger dora besteet, Andréck iwwer Offeren an Evenementer ze liwweren fir sou potentiell Gäscht unzelackelen.

Eng Premiere ass dëst Joer awer eng Gruppekandidatur. 12 Journalisten vum Checkpoint Newsletter vu Berlin hu sech ugemellt a proposéiert den Job sou ze maachen, dass si all Mount ofwiesselnd iwwer d'Inselliewen  zu Norderney beriichten.
Bis Enn Juli soll dann entscheed gi, ween dee gefroten Job als Inselblogger kritt, deen da schonns Mëtt September ufänkt.