Den däitschen Jazzmuseker Till Brönner huet nach en 2. Talent. De Mann mécht Fotoen. Wie bis de 6. Oktober an der Géigend vun Duisburg ënnerwee ass, kéint am Musée Küppersmühle eng 200 Fotoe vum Trompettist kucke goen.

17/07/2019 Till Brönner: ouni Trompett duerfir mat Fotoapparat

Haaptthema vun der Ausstellung Melting Pott ass de Pott, de Ruhrpott. Hie selwer ass och do gebuer, zu Viersen an huet sech mat der Fro ausernee gesat wat dee gréisste Ballungsraum vun der Bundesrepublik iwwerhaapt ausmécht. De Pott hat nämlech schonn divers Rollen; fir 2 Weltkricher goufe Waffen do gebaut, et war de Motor vum Opschwong an elo e Fall fir ze sanéieren. Seng Äntwerte fënnt den Till Brönner an der Industrie, am Biergbau dee lues a lues manner gëtt an natierlech bei de Leit déi am Ruhrpott doheem sinn. Wie Ruhrpott seet, denkt natierlech och u Fussball an esou fënnt een an der Ausstellung och Andréck aus dem Signal Iduna Park an der Veltins Arena. Dem Till seng Fotoe sinn deels schwaarz-wäiss, awer och faarweg fir d'Kontraster vum Pott ervirzesträichen; vu Landschaften iwwer Monumenter bis bei Portraite vun ënner anerem Atze Schröder a Mario Götze fënnt ee sou zimlech all Format an der Expo Melting Pott zu Duisburg.

D'Homepage vum Musée Küppersmühle