... oder villméi Geméis! Well offiziell gehéiert se an d'Kategorie vun de Kalbassen. Mir soen Iech firwat se der Gesondheet an dem Teint esou gutt doen.

18/07/2019 Alles iwwer d'Meloun

Bei waarmem Summerwieder deet e Stéck Meloun richteg gutt. Ma dat ass net nëmmen eng Erfrëschung, et ass och nach richteg gesond. Et gi net manner ewéi 500 Zorten Melounen op der Welt.

D'Cantaloupe- , d'Charentais- d'Hunneg- an d'Galia-Melounen gehéieren zu den Zockermelounen. Wat d'Kalorien ubelaangt gesäit et gutt aus: do komme mer op 25 bis 34  Kalorien pro 100 Gramm. Zockermelounen stieche voller gudder Saachen. En héije Gehalt u Beta-Carotin wierkt sech positiv op d'Neel an d'Hoer aus an d'Melanin-Produktioun geet an d'Luucht, déi dofir suergt dass mer méi séier brong ginn. Donieft ass vill Kalium dran ze fannen, dee fir eng gutt Entwässerung an e Muskelopbau am Kierper suergt an dee richtege Bluttdrock. Awer och e ganze Koup  Provitamin A ass am Fruuchtfleesch ze fannen, deen ass wichteg fir staark Aen an eng gesond Netzhaut.

© Pixabay

Wie mengt Waassermelounen géife just aus Waasser bestoen, deen ass um Holzwee. Déi rout d'Faarf huet se duerch de Stoff 'Lyocopin', vun deem et heescht e géif de Kierper virun Häerz-Kreeslaf-Kränkten a Kriibs schützen. Den héije Waasser- a Natriumgehalt suergt dofir dass d'Blutt an d'Niere gerengegt ginn. Nach dobäi kënnt dass se nëmmen 8% Kuelenhydrater enthalen a 37 Kalorien pro 100 Gramm. Och Citrullin ass an der Waassermeloun ze fannen, duerch deen geet de Sauerstoff besser an d'Muskelen an et kritt ee nom Sport manner Muskelkater. D'Meloun, déi bis zu 15 Kilo ka schwéier ginn, besteet natierlech zu 95% aus Waasser, de Rescht ass awer e Cocktail u Vitaminnen: A, C, B1 a B2, an och Niacin sinn enthalen. An déi hell an däischter Kären sollt Der roueg mat iessen. Gedréchent si se en ideale Snack fir tëschenduerch.

Meloune soll ee bei Zëmmertemperatur versuergen, se kommen eréischt an de Frigo wa se opgeschnidde goufen.