Net säin eegene Schiet, mä virun allem klengt Gedéiesch. Fuerscher aus Tschechien hunn eng Etüd gemaach an eng Lëscht publizéiert mat deenen Déieren virun deene mer am meeschten Angscht hunn.

18/07/2019 Wat de Mënsch am meeschte fäert

Bei ville Mënschen sinn et Déieren, déi e Gefill vun Angscht an deelweis och Eekel ausléisen. D'Wëssenschaftler hunn den 2'000 Leit déi bei der Etüd matgemaach hunn, eng Lëscht mat 24 Déiere ginn an hannert déi schlëmmst huet missten e Kräiz kommen, op enger Skala vun 1 bis 5. Ënnert den Déieren waren Insekten a Nagedéieren, awer och Spannen, Schlaangen, Parasiten an Hausdéieren. Fir ze kucken ob d'Leit éierlech wieren, gouf eng Kontrollvariabel agebaut, e Panda, vun deem d'Fuerscher ausgaange sinn dass e kengem géif Angscht maachen an och kee sech géif virun him eekelen.

D'Spannen an d'Gëftschlaangen sinn effektiv déi Déieren, déi dem Mënsch am meeschten Angscht maachen. Déi Befroten hunn déi mat engem Wäert vu 4 oder 5 ugekräizt. Kakerlaken, Schlaangen, déi net gëfteg sinn, Lais, Bandwierm an esouguer Stéieren gehéieren och zu der der Fauna déi mat am meeschte gefaart gëtt. Bei Fësch, Schleeken, Kazen, Päerd, Eidechsen a Mais hält d'Gefäerts sech a Grenzen. Bei de Wäerter fir d'Eekel-Gefill waren d'Pegele méi héich. Direkt 6 Déieren sinn op e Score iwwer 4 komm: Kakerlaken, Lais, Mueden, Wierm am Gedäerms, Spannen a Bandwierm. D'Spann ass domatter dat eenzegt Déier bei deem de Mënsch gläichzäiteg eng grouss Angscht an Eekel empfënnt. Dat géing de Fuerscher no dru leien, dass d'Spann esou e spezielle Kierperbau huet an am Fong omnipräsent an eisem Liewen ass. Se kéint also zu all Moment an eiser Ëmgéigend opdauchen an och dat léist en desagréabelt Gefill aus.

© Pixabay

Wéi d'Wëssenschaftler Hënn a Kazen op hir Lëscht gesat hunn, si se dovunner ausgaangen dass virun allem Leit, déi schlecht Erfahrungen mat den Hauséiere gemaach hunn, also gekraazt oder gebass goufen, Angscht hätten. Mä de Géigendeel ass de Fall. Wéi et schéngt setzen déi Leit mat negativen Erfarunge sech op eng positiv Manéier mat den Déieren ausernaner. Eng Manéier, déi och an de Konfrontatiounstherapien agesat gëtt fir Mënschen ze behandelen, déi mat Phobien gehäit sinn.